Oppenen Bréif un den Minister Meisch
Monsieur le Ministre,
Ënnert ärer Virgängerin, déi Gottseidank an Tëschenzäit politeschen Exil ze Bréissel an Stroossbuerg fonnt huet, hunn eng Réi katastrophal Reformen an Zoustänn schonn hiren Laf geholl. Ënnert dem Afloss vum ufänglechen GAMBIA Elan hat ech gehofft dat dir déi Feeler géift erkennen an behiewen, mais leider sinn meng Hoffnungen ënnert anerem an der Bildungspolitik ferm enttäuscht ginn.
D’Schoulzäit ass eng immens flott an intensiv Zäit, déi di jonk Léit op hier Zukunft an hiert spéidert Liewen virbereet. Desweideren huet eisen Schoulsystem sech ëmmer duerch seng Diversitéit ausgezeechent. Och wann een sech am Lycée dacks iwwer den Sënn an Zweck vun verschidden Fächer opgereegt huet, muss een awer mam neideschen Recul agestoen dat een en breet gefächert Wëssen vermëttelt krut an gutt op d’Uni virbereet ginn ass.
Ganz besonnesch houfreg muss een op den Fait sinn, dat een ganzer dräi Sproochen am Enn vun sengem Schoul-Zyklus bal perfekt beherrscht. Leider gëtt dës Méisproochegkeet, zanter enger Réi Joren, ëmmer méi a Fro gestalt, an gëtt neméi als dat ugesinn wat se dach ass, een eenzegaartegen Räichtum.
D’Schläichend Verschwannen vun eiser Dräisproochegkeet
Eis Dräisproochegkeet war ëmmer d’Häerzstéck vun eiser Bildung. Am Ausland sinn d’Léit nach ëmmer iwwerrascht an och ebessen neidesch dat mir héi an Lëtzebuerg an öffentelchen Schoulen, den Luxus genéissen dräi Sproochen ze léieren. Dëst erméiglecht eis net nëmmen déi grouss Länner ronderëm eis besser ze verstoen, mais mëscht eis och d’Dier wäit op fir an d’Ausland studéieren ze goen.
Mat der Ofschafung vun dëser Méisproochegkeet, verbaut een den zukünftegen Studenten net nëmmen d’Méigelechkeet fir an verschidden Länner studéieren ze goen, mais et gestalt een eist Zesummeliewen héi ze Lëtzebuerg vill méi schwéier. Dagdeeglech sinn mir mat deenen véier Sproochen confrontéiert. Mir bestellen am Restaurant op Franséisch, eis Téléssendungen kucken mer op Däitsch, schwätzen gréisstendeels lëtzebuergesch an fir Owes ze laachen kucken mer dem Trump säin leschten Interview dann nach op Englesch. Wat ass eis Méisproochegkeet dach een kulturellen an intellektuellen Räichtum!
Leider hunn eng Rei Politiker, esou wei eng Partie Bierger, een Problem mat eiser Méisproochegkeet an behaapten mat Lëtzebuergesch eleng géifen mir gutt, an méi einfach duerch d’Liewen kommen. Dës Idéengäng mënden dann an esou abstrusen Ideen wei d’Iwwersetzen vun eisen Gesetzestexter op Lëtzebuergesch an diskreditéieren sech domat selwer.
Dat een dan den Androck kritt dat den liberalen Educatiounsminister sou Stréimungen hannendrun hächelt, andeems en och ëmmer méi bilingual Lycéeën an d’Gespréich bréngt, ass méi wéi erstaunlech, wann een bedenkt wéi wichteg des Méisproochegkeet dach fir eis Ekonomie, eis Kultur an ze gudder lescht och fir eist Zesummeliewen ass.
Mat der weiderer Digitaliséierung vun der Ekonomie wäerten d’Sproochen och ëmmer méi eng wichteg Roll spillen an kennen den entscheedenden Ënnerscheed mann op een eng Platz kritt oder net. Eng zukünfteg Realitéit déi an ärem Ministère anscheinend nach net ukomm ass oder net well wouer geholl ginn, fir keng Wieler ze verschrecken, respektiv duerch Cadeauen a Form vun Diplomer neier ze gewannen.
Leider läit mir awer een Aneren Punkt genau esou vill um Häerz, an dësen Punkt ass kruzial fir Fonctionnement vun eisem Schoulsystem, den Respekt virum Léierpersonal.
Manktem un Respekt vis-à-vis vum Léierpersonal
Ech héieren vum Léierpersonal an den Grondschoulen esou gutt wéi am Lycée vun ëmmer méi abstrusen Virgäng an den Klassesäll. Kläppereien an den Klassen, Menacen, Mobbing, Disziplin-, Alkohol- an Drogeproblemer… all dat schéngt zum normalen Oflaf vun engem Schouldag ze gehéieren. Déi eigentlech Aktivitéit, d’Léieren, schéngt dobäi ëmmer méi an den Hannergrond ze réckelen. Grosso modo muss een einfach agesinn dat den Respekt virum Léierpersonal ëmmer méi ofhëlt.
Gestäerkt gëtt dësen Trend duerch déi lasch Réckendeckung déi d’Léierpersonal duerch Inspekteren, Direkteren an den Ministère selwer erhält. Och duerch är oppen Kritik un den héijen Salairen hutt dir net grad dozou bäigedroen dat den Respekt vis-à-vis vum Léierpersonal géif klammen, ganz am Géigendeel.
Am gesellschaftlechen Diskurs gëtt den Näid vis-à-vis vun dem Léierpersonal, duerch esou deplacéiert Aussoen, ëmmer méi grouss, an d’Wäertschätzung vun dëser dach fir d’Zukunft kruzial wichteger Aarbecht, méi kleng. Des sinn Astellungen déi d’Kanner vun hiren Elteren opschnapen an dann mat an Klassesäll bréngen. Zurechtweisen dierf een jo och keen méi, sou dat een sech jo schonn bal muss froen op d’Klassenzëmmer vun der Zukunft net éischter engem Dschungel wäert änelen, wou Chaos an Anarchie herrscht an d’Léierpersonal net méi wéi eng Aart Freiwild fir d’Schüler wäert duerstellen.
Wier et net mol un der Zäit mat der Kuschelpedagogik opzehalen an mol erëm Uerdnung an d’Klassesäll ze bréngen? Just duerch eng méi streng Disziplin, déi vun uewen erof duerch een Ministère imposéiert, ënnerstëtzt an gefördert gëtt, kann erëm d’Léieren an den Virdergrond réckelen. Andeems dir eng Nulltoleranz Linn géigeniwwer Problemfäll annoncéiert, wier dem Léierpersonal méi wéi nëmmen den Réck gestäipt an déi kéinten erëm dat mann, fir wat se an ären Aen ze vill bezuelt ginn, deenen Kanner wou wëllen, eppes bäibréngen.
Ech weess dass den Educatiouns Ministère keen einfachen Ministère ass, mat deem et schwéier ass sech beléift ze mann. Duerfir huet all Mënsch deen dësen unhëlt mol fiert éischt mäin Respekt verdéngt.
Leider probéiert dir, genau esou wei är Virgängerin, iech duerch chaotesch Reformen an d’Erofsetzen vum Niveau beléift ze mann.
Et bléift mir just ze hoffen dat esou eng bëlleg Politik vum Wieler duerchkuckt gëtt an d’Wieler se deementspriechend honoréieren.
Respect,
Max Leners