Den Moien (12. Januar) wei ech d’Madame Viviane Reding an der Sendung „Invité vun der Redaktioun“ op RTL gelauschtert hunn, ass mir bal meng Kachkéis-Schmier am Hals stiechen bliwwen.
Dat d’CSV mengt e puer gutt Leit ze hunn, dat huet een jo schonn ëfters vun den CSV Politiker héieren. Och net weider verwonnerlech ass, dat d’Partei well geschlossen an d’Wahlen goen. Als Aussenstehenden wonnert et just dat een dat anscheinend geschlossen ouni Programme well maachen. Mais bon no 5 Joer verschlofener Oppositiounspolitik, dierft et schwéier falen erëm konkret Proposen auszeschaffen, sou dat een sech nach e bëssen a Gedold üben muss.
Déi aktuell Würdenträger sinn dunn mol schéin duerch den Kacka gezunn ginn. Et ass net weider verwonnerlech, nach iwwerraschend, dat eng Oppositiounspolitikerin der aktueller Regierung Paroli well bidden.
Wat awer een Problem duerstellt, ass dat et sech just em perséinlech Attacken gehandelt huet an et leider keng Géigeproposen ze der aktueller Politik waren. Zum Mindestloun war just den Kommentar, dat een keng Slogan maachen well, zum Wuesstem, war just ze héieren dat een „bëssen manner no baussen, méi no bannen“ sollt maachen.
Léiwer schéin flu bleiwen, fir sech net d’Fanger ze verbrennen, an op keen Fall programmatesch ungräifbar ze ginn, war wuel d’Devise vun der Madame Reding.
Dat den Här Asselborn zum Erdogan soen soll: „elo ass Schluss an d’EU Bäitrëttsgespréicher ginn op Eis geluecht“, kennt bei den Léit villäicht gutt un. Ech denken et muss een enger erfuerener Diplomatin jo wuel net erklären wat esou een rabiaten Language um Diplomatenparkett géif bedeiten. Op déi radikal Rhetorik aus Ankara, kann een, an soll een net, mat der selwechter Dommheet reagéieren, well sech dat ganzt sech soss just nach weider héich schaukelt, wei een am Nordkorea Konflikt konnt déi lescht Méint beobachten.
Wéi d’Madame Reding du mol schéin lancéiert war, huet se d’Fro opgeworf op den Wirtschaftsminister Schneider éischter well een Macron oder een Trump sinn. Och wann Wahlkampf ass, ass et een staarkt Stéck sou eng Polemik ze schnurren, an dem Schneider wëllen ze ënnerstellen dat hien wei den Trump well sinn.
Seelen huet d’Lëtzebuerger Politik sech op esou een déiwen Niveau erof gelooss. Feelen nach e puer Nazivergläicher an mir sinn um Spillschoulsniveau ukomm.
No 10 Minutten huet d’Madame Reding sech dunn selwer als Ausseminister, Europaminister, Finanzminister an Wirtschaftsminister an d’Spill bruet. Kuerz d’Madame denkt vill ze kennen. Sécherlech kann se ganz gutt den Mann spillen, mais wei sou vill anerer an der CSV kann se keng uerdentlech Zukunftsvisioun fir Lëtzebuerg opzeechnen.
Ech hunn geduecht no 30 Joer Europapolitik kéint een sengem Land een Programme presentéieren, wat een kann besser maachen, anstatt Ministeren, déi Visionär Iddien hunn, ze ënnerstellen dat se wëllen een Trump sinn oder esou een Politikstil wëllen féieren.
Andeems een aneren Léit, sou aus der Loft gegraffen Dommheeten ënnerstellt, kennt een verschidden Leit selwer méi no wei een denkt, obwuel een dach wollt anerer mat deenen donkelen Gestalten an Kontakt bréngen.
„Wer anderen eine Grube gräbt, fällt selbst hinein“, à voir den 14. Oktober.
Tageblatt: http://www.tageblatt.lu/meinung/leserbriefe/dreding-well-ausseministesch-ginn/
RTL: https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1119002.html