Esou lues an lues huet all Kandidat säin Hutt fir den 14. Oktober an d’Manège gehäit, an mir wëssen wei eng Käpp zur Wal stinn. E puer Kandidaturen zéien esou muench Verännerung an den Kandidaten hirem Beruffsliewen mat sech.
No den leschten Walen ass d’Memberschaft am Staatsrot gär an Usproch geholl ginn. Dëser Noutléisung probéiert een awer sou schnell wéi méiglech erëm ze entkommen, fir an déi “richteg Chamber” setzen ze goen. Elo virun den nächsten Walen verloossen Leit, aus purem Muechtinstinkt den Staatsrot, ginn nach kuerz an d’Chamber siegéieren, fir dann hoffentlech, schlussendlech, dës Kéier als Deputéierten gestëmmt ze ginn.
Schued, dat verschidden Memberen duerch esou een Verhalen, dem Staatsrot seng excellent Aarbecht, seng Onofhängegkeet an seng Iwwerparteilechkeet diskreditéieren.
Eisen groussen Mëllechproduzent misst, wéinst der Kandidatur vun hirem Direkter, en Changement am Management virhuelen, well dësen Posten net méi mat der Kandidatur vun hirem Direkter kompatibel ass.
Eis Meenungsfuerschungsinstituter huelen et mat hirer Onofhängegkeet awer net esou genau. Den Televisounsdemoskop an “Directeur d’Études” vun TNS Ilres, kann sech als Kandidat opsetzen, an muss net vun sengem Posten oftrieden.
Seng Zueleninterpretatioun war jo schonn méi laang schwaarz-gréng ugehaucht, an d’Fro muss sech stellen op an dësem Fall, am Interêt vun der Onofhängegkeet an Glafwierdegkeet vun dësem Meenungsfuerschungsinstitut, eng Demissioun net ubruecht wier?
Eis Mëllech bléift mol wäiss, eis Zuelen sollten et och sinn, oder sinn eis Zuelen elo offiziell gréng ginn?