15 Buergermeeschter, 12 Schäffen an 14 Gemengeréit setzen aktuell um Krautmaart. 41 vun eise 60 Volleksvertrieder, méi ewéi 2/3, bekleeden also een sou genannten Duebelmandat.
Eigentlech wollt d’Regierung BETTEL/SCHNEIDER/BRAZ I schonns an där leschter Legislaturperiod ee Schlussstréch ënnert dëse Mandatercumul zéien. Sou huet et 2013 am Koalitiounsaccord geheescht: “Les conditions (…) de l’interdiction du cumul du mandat de députés avec des fonctions électives à l’échelon (…) local seront déterminées”[1]. Spéitstens 2015, nom blo, rout, gréngem Referendum’s Trauma, ass dës Iddi wuel erëm schnell ënnert de progressiven Teppech gekiert ginn.
Zwou Regierungsparteien hunn hiren Interêt an dëser Fro awer kuerz virun de Walen, beim schreiwe vun hirem jeeweilegem Walprogramm, zeréck entdeckt[2]. Mee och dës zwou Parteien hunn no de Walen weiderhin Duebelmandatairen an den eegene Reien sëtzen. De Walprogramm hat déi betraffe Parteimembere wuel net iwwerzeegt, mee sou e (Wal-)Pabeier ass jo bekanntlech och gedëlleg.
D’Koalitioun BETTEL/SCHNEIDER/BRAZ II schéngt och net méi esou determinéiert ze sinn, den Non-Cumul vun den Mandater duerchzezéien. Am Koalitiounsaccord vun 2018 heescht et elo just nach: “Le projet de Constitution prévoit la possibilité d’étendre l’incompatibilité du mandat de député à d’autres mandats politiques. Après l’adoption de la nouvelle Constitution les partis de la coalition vont s’atteler à revoir le statut légal du bourgmestre et des échevins. Un large consensus sur les modalités de l’introduction d’une règle de non-cumul de mandats locaux avec celui de député sera recherché.”[3]
D’Verfassungsreförmchen, duerch e bevirstoenden nationale Referendum ze bréngen, stellt d’Parteien nom ugeschwatem Trauma vun 2015, scho virun eng Herkulesaufgab. Enger Konfrontatioun mat den Duebelmandatairë wollt een do wuel léiwer aus dem Wee goen. D’Formulatioun vun 2018 léist déi Determinatioun an deen Elan vermëssen, vun där d’Regierung 2013 nach eng Iwwerdosis hat. Opwuel d’Regierungsaarbecht duerchaus positiv ze bewäerten ass, schéngt den Reformäifer, bei sech sëlwer eppes ze änneren, Richtung null ze tendéieren.
Vill Deputéiert kënnen also opootmen, hier helleg Duebelmandater wäerten hinnen an dëser Legislaturperiode wuel och net “geklaut” ginn, stellen eis Duebelmandatairë selwer jo mat 41 Setz, déi gréisste Verhënnerungs-Fraktioun am Parlament. Wei sou oft gelt och elei:
“Man sägt nicht den Ast ab, auf dem man sitzt”.
Mee firwat bräicht een esou eng Trennung?
2 Vollzäitjobs ze laaschte vun der Qualitéit
D’Deputéiertemandat ass scho laang keng Niewebeschäftegung méi, an ass als Vollzäitjob unzegesinn: Projets de lois analyséieren an amendéieren, eng Proposition de loi ausschaffen, d’Chambersrieden preparéieren, senger Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Regierung gerecht ginn…, all dëst bréngt ee groussen Zäitopwand mat sech.
Och an engen etlechen Gemengen, sinn déi lokal Mandater ee Vollzäitjob ginn an d’Aarbechtsintensivitéitass plus minus déi selwecht ewéi déi vun engem Deputéiertem. Dobäi kennt nach, dat vun engem Kommunalmandataire absolut Präsenz um lokale Terrain erwaart gëtt.
Esou kënnt et, dass eis Duebelmandatairen vun hirer Gemeng an hire lokale Verflichtungen an d’Stad hetzen, fir hier national Aufgaben ze erfëllen, an iergendwéi alles ënnert een Hutt ze kréien. Sou probéieren si béiden “Aarbechten” gerecht ze ginn, ouni awer eng wierklech zefriddestellend ausüben ze kënnen. Ënnert dësem Zäitmangel leiden dann och d’Debatten an der Chamber, sou dat an eisem Parlament weiderhi méi gebraddelt ewéi debattéiert gëtt.
Vum Zäitopwand, ass et also äusserst schwiereg, fir net ze soen onméiglech, béid Mandater ënnert een Hutt ze kréien, ouni dat d’Qualitéit vun der Aarbecht, dorënner leit.
Ze dësem Zäitkonflikt, gesellt sech awer nach ee reegelrechten Interessekonflikt.
Interessekonflikt
Liest een d’Interviewe vun den néi gewielten Duebelmandatairen, da kristalliséiert sech schnell eraus, dat fir verschiddener, d’Chambermandat virun allem doran besteet, d’Interête vun hirer Gemeng no vir ze bréngen[4]. Déi verschidde Question parlementairen, ënnermaueren dëst, beschäftegen se sech gréisstendeels mat de Gegebenheeten aus der eegener Gemeng. Fir eenzel Duebelmandatairen, ass et also ganz kloer méi wichteg am Interêt vun den Awunner vun hirer Gemeng ze agéieren, ewéi am Interêt vum Land.
Ee Bléck an eis aktuell Verfassung ass an dësem Fall besonnesch interessant, ass dach am Artikel 50 de Rôle vum Deputéierte kloer definéiert: “Les députés votent sans en référer à leurs comettants et ne peuvent avoir en vue que les intérêts généraux du Grand-Duché.” D’Deputéiert sinn also an der Ausübung vun hirem Mandat net hire jeeweilege Wieler aus hirer Gemeng oder hirem Bezierk verflicht, mee sollen eenzeg an eleng am nationalem Interêt agéieren.
Et ass awer kee Geheimnis, dat d’Deputéiert sech am léifste fir Projeten an hirer Gemeng, hirer Regioun staark maachen. Dëst ass net nei, an de Problem ass sou al wei eis parlamentaresch Demokratie. Schonns beim Ausbau vum Zuchreseau um Enn vum XIX Joerhonnert, ass dës Problematik ze beobachte gewiescht[5]. De Michel Rodange, huet dës Problematik am Renert, mat folgende Wieder beschriwwen:
“E plangt di schéinste Stroossen,
duerch d’Duerf geet d’Eisebunn,
all Dierfche kritt eng Haltplatz,
an zwou di schonns eng hunn.”[6]
Hautzedaags, sti regional, lokal, oder souguer partikular Interessien, enger Landesplanung déi Kapp a Schwanz huet dacks am Wee. Sou well zum Beispill Haut all Député-Maire, an Zäite vum toxsechem festhalen um Individualverkéier, säin eegene Contournement. Op dës Entlaaschtung vu senger Gemeng ze der Belaaschtung vun der Nopeschgemeng féiert, spillt dobäi eng Nieweroll.
Hei kéint eng resolute Landesplannung, déi eenzeg an eleng den Interêt général vum Land am Kapp huet, an déi all lokal an regional Interêten ausklammert Ofhëllef verschaffen.
Och wann d’Verbuet vun dem Duebelmandat, net all Problem léist, wier en awer ee Schrëtt an déi richteg Richtung. Verbonne mat enger Opwäertung vum Parlament, enger Aféierung vum haaptberufflechem Parlamentarier, engem Ausbau vun der Unzuel un parlamentaresche Mataarbechter, an dem Iwwerschaffen vun eisem Walsystem, wier een Ufank gemaach, fir d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert unzegoen, a Gebuertsfeeler vun eisem parlamentaresche System ze corrigéieren.
Op awer d’Deputéiert jeemools decidéieren sech selwer een Mandat ze verbidden, ass zweiwelhaft, gedenken se dach mat hiren Duebelmandater eppes Guddes fir hier Wieler ze maachen.
Bleiwen engem wuel just nach d’Wierder vum Sir Winston S. Churchill:
“In der Politik ist es wie in der Malerei:
Der gute Wille ist keine Entschuldigung für schlechte Arbeit.”
Max LENERS a Ben STREFF
[1]Page 8 Accord de coalition 2013
[2]Déi Gréng vont: “abolir le « double-mandat », c’est à dire la possibilité de combiner un mandat de bourgmestre ou échevin avec celui de député national et revaloriser les mandats communaux.” (page 77 de leur programme electoral)
LSAP:“L’exécution du mandat d’un député devrait devenir incompatible avec d’autres activités professionnelles et des fonctions politiques dans les organes exécutifs locaux.” (page 3 de leur programme abrogé)
[3]Page 6 Accord de coalition 2018-2023
[4]Luxemburger Wort, 30. Oktober 2018, page 2
[5]Le Conseil d’Etat, gardien de la Constitution et des Droits et Libertés fondamentaux, Chapitre 1: Commentaire de la Constitution luxembourgeoise article par article, page 203
[6]Michel Rodange, Renert, Chant VI, 145-148
Wort: https://www.wort.lu/de/politik/duebelmoral-a-puncto-duebelmandat-5c7ff796da2cc1784e33f2f0