Articles Logement

Vun der Immobiliekris an d’Mobilitéitskris

Vill jonk Famillen hunn een Dram: déi eege véier Wänn an engem rouegem Quartier no bei der Aarbecht; dëst fir kënne vill Zäit mat de Kanner, der Famill a Frënn ze verbréngen an een dezent Liewen ze féieren.

Fir ëmmer méi Leit bléift dëst een onrealiséierbaren Dram.

De Quadratmeterpräis vun den Appartementer ass, am Duerchschnëtt vun 3.973 Euro/m2 am Joer 2010 op 5.262 Euro/m2 am Joer 2016[1]geklommen. Eng Steigerung vu verréckten 32%, innerhalb vun nëmme 6 Joer! Dëse plakegen Zuelen, feelt awer dat entscheedend Element: wéi huet sech d’Kafkraaft vun den Haushälter hei ze Lëtzebuerg am selwechtem Zäitraum entwéckelt?

An deene selwechte 6 Joer (2010-2016), huet sech de “Revenu total disponible moyen par ménage”, also d’Duerchschnëttsakommes vun engem Haushalt am Mount, vu 5.118 Euro op 5.584 Euro erhéicht[2]. Domat ass d’Akommes also grad mol em 9% geklommen! Konkret heescht dëst: 2010 krut een Haushalt fir d’Zomm vu 4 duerchschnëttleche Joresakommesen nach 77m2; 2016 awer nëmmen nach 63 m2.

D’Gehälter kennen also mat der surrealer Entwécklung um Immobiliëmarché net méi mathalen, sou dat mir souguer bannent nëmme 6 Joer eis signifikant manner Wunnraum mat eisem Akommes leeschte kennen.

Besonnesch héich ass d’Präissteigerung an der Stad Lëtzebuerg, wou bei den Appartementer an dësem nämmlechten Zäitraum, eng Präissteigerung vun onvirstellbaren 42,2% ze observéieren ass[3]. Een duerchschnëttlechen Haushalt hätt sech mat der Zomm vu véier Joresakommesen 2010 nach 50m2 an der Stad leeschte kënnen; 6 Joer méi spéit nëmmen nach bescheide 37m2.

D’Stad Lëtzebuerg an d’Ëmgéigend, ass awer och déi Platz, wou bei wäitem déi meeschte Leit hei ze Lëtzebuerg schaffen. D’Präisexplosioun an der Stad, huet duerfir als Konsequenz dat ëmmer manner Leit sech eng Wunneng no bei hirer Aarbecht leeschte kennen.

Fréier war et ee bewosste Choix fir ausserhalb vun der Stad wunnen ze goen; ee Choix fir méi Liewensqualitéit. Haut ass dëst kee Choix méi, mee en ekonomeschen Imperatif, an am Hibléck op déi ugespaante Verkéierssituatioun, keen Zougewënn méi a Punkto Liewensqualitéit, mee ëmmer méi eng Belaaschtung. Et sinn also déi Léit, déi scho vun der Wunnengskrise betraff sinn, déi och nach ënnert der Mobilitéitskris leiden. 

Déi schaffend Leit, ginn aus der Stad a Schlofgemenge verdrängt, do wou d’Wunnengspräisser nach vergläichbar gënschteg sinn, den Uschloss un den ëffentlechen Transport, falls da virhanden, leider awer och dacks ze wënschen iwwreg léist. Laang Aarbechtsweeër am Schleekentempo gehéieren duerfir zum Alldag dozou, dëst ze laaschte vun der Fräizäit, der Liewensqualitéit an net ze lescht leider och dem Familljeliewen.

Amplaz dësem Trend resolut entgéint ze steieren, gëtt dem Marché weiderhi fräie Laf gelooss. D’Stad Lëtzebuerg verkënnt zu enger Spillplaz fir déi Superräich, wou d’Allgemengwuel absolut keng Roll spillt, an eenzeg an eleng d’Rendite zielt. Déi sozial Mixitéit verschwënnt aus der Stad, a wat bléift si Banken, Consultingfirmen, Shoppingzenteren, Investmentfongen an heiansdo och eidelstoend Investissementsobjeten, eh pardon Wunnengen.

De Wunnengsmaart ass komplett ausser Kontroll geroden, net nëmmen an der Stad, mee am ganze Land. D’LISER Etüde[4]huet eis gewisen, dat 160 Léit ¼ vum Wäert vum Bauland hei am Land besëtzen. De Lëtzebuerger Immobiliëmarché ass also kloer een Oligopol, wou ee Grapp voll Leit d’Offer an d’Präisser kontrolléieren an absolument keen Interêt hunn, dat d’Präisser, iergendwann eng Kéier, am Sënn vun der Allgemengheet, erof ginn.

De Wunnengsnoutstand an säin unhängende laange Rateschwanz ginn zu der entscheedender sozialer Fro vun eiser Zäit. Déi exzessive Spekulatioun um Bauland muss ewéi am Koalitiounsaccord virgesinn schnellstméiglech gestoppt ginn. Parallel sollte mir awer och iwwer eng reegelrecht Bau-an Opkaafoffensiv duerch d’Gemengen an déi ëffentlech Bauträger nodenken. Eng Ofgab op eidel Wunnengen ass eng weider Iddi där een sech net soll verschléissen.

All dëst Iddien, fir eng aktiv a couragéiert Wunnengsbaupolitik, déi hiren Numm verdéngt, an de Wahnsinn um Marché an de Grëff kritt, an déi elo kommen muss!


[1]Fichier historique du Statec

[2]Le Luxembourg en Chiffres 2018 p. 15

[3]Observatoire de l’habitat: Prix enregistrés des ventes d’appartements par commune 2010 et 2016

[4]Note 23 de l’Observatoire de l’Habitat Février 2019 p. 5


Wort: https://www.wort.lu/de/politik/vun-der-immobiliekris-an-d-mobiliteitskris-5d1db287da2cc1784e347409

You Might Also Like