Cano Olivier, Leners Max, Miltgen Maxime, Molitor Max
Innerhalb vu ganz kuerzer Zäit huet de Covid-19 eisen Alldag op der Welt an zu Lëtzebuerg op d’Kopp geheit. Aus der sanitärer Kris gëtt elo, genau sou schnell, eng ekonomesch Kris mat historeschem Ausmooss.
Trotz all deem Negativen besteet och eng Chance an dëser Kris. Eng Chance fir aus der Kris eraus eist Zesummeliewen, eis Gesellschaft ze verbesseren. Eng Chance fir endlech eng méi nohalteg, wäitsiichtegt a virun allem eng méi gerecht Gesellschaft ze schaffen; eng Gesellschaft déi d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert kann zesummen ugoen.
Eng Chance déi och Lëtzebuerg net dierf verpassen an duerfir brauche mir, nodeems d’Coronakris iwwerstane wäert sinn, dringend:
(i) een integrativen a nohaltege Wirtschafts- a Finanzsystem, deen all schaffend a kreativ Leit (ob als Salarié oder selbstännegen „Entrepreneur“), d’Méiglechkeet zur Entfalung gëtt a se net och nach steierlech benodeelegt;
(ii) d’Erausléisse vu grondleeënden Besoine vun all Mënsch (z.B. Wunnen, Gesondheet, Educatioun, Kultur) aus enger reng maartwirtschaftlecher Logik;
(iii) eng graduell differenzéierter wirtschaftlech a gesellschaftlech Approche mat lokalen, regionalen a globalen Dimensiounen;
(iv) méi Nohaltegkeet an een aneren Ëmgang mat Natur an Déier (Stéchwuert: Plastik a Massendéierenhaltung);
(v) eng méi demokratesch, digital-gläichberechtegt, sozial a nohalteg Gesellschaft, déi d’Mënscherechter respektéiert an eng grouss Plaz fir Bildung, Kreativitéit a Kultur als Emanzipatiounsinstrumenter léisst.
Och wann der UN hir Sustainable Development Goals vill interessant Intentiounen enthalen, muss all Land, och Lëtzebuerg, a virun allem och d’Europäesch Unioun, elo endlech konkret politesch Mesuren ausschaffen an och ëmsetzen, déi net just Blackrock a McKinsey zefriddestellen, mee déi fir eis all vu Notze sinn.
An dësem Sënn sinn hei 15 konkret Proposen an Denkustéiss:
- Kuerzfristeg mussen all déi schaffend a kreativ Leit vun der néideger Finanzhëllef profitéiere kennen. Op Salarié oder Independant, keen däerf eleng op Grond vu sengem Aarbechtsstatut am Reen stoe gelooss ginn. Eis ëffentlech Gelder mussen all de schaffende Leit ze gutt kommen.
Virun allem déi méi kleng Betriber mussen dës Kris iwwerstoen. De lokale Restaurant, de lokale Schongbuttek, d’Epicerie um Eck, de Coiffeur… all eis kleng Butteker an hier Patronen hunn eng gesellschaftlech Bedeitung, déi wäit iwwer hier ekonomesch eraus geet, a mussen duerfir och speziell, gezielt a méi ënnerstëtzt ginn. - D’Definitioun vu “Wäert” an eiser Gesellschaft muss bei der Sortie aus der Kris grondsätzlech hannerfrot ginn. Mir mussen eis d’Fro stellen, wéi eng Beräicher an der Ekonomie als Deel vun enger wierklecher kollektiver Wäertschöpfung unzegesinn sinn, déi eis alleguer ze gutt kennt, an a wéi enge Beräicher nëmmen defizient Maartsituatiounen ausgenotzt ginn, fir Wuelstand aus der Gesellschaft ofzezéien, ouni wierklech neie Wuelstand ze schaffen[1].
Duerfir mussen déi elo agesaten anti-zyklesch Finanzhëllefen, vun Ufank un, de mëttelfristegen Usproch hunn, iwwert déi reng Reparatur eraus ze goen. Duerch eng selektiv Wuesstemspolitik, muss eng “nohalteg ökologesch Wend” erreecht ginn. Nëmmen duerch déi néideg ökologesch Moderniséierung ergëtt sech een nohaltegen, ekonomeschen a soziale Räichtum, deen eis Alleguer an och nach eise Kanner ze gutt wäert kommen. Per Gesetz muss all Lëtzebuerger Entreprise verflicht ginn, an hirer ganzer Produktiounsketten ee Minimum un Sozial- an Ëmweltstandarden anzehalen[2]. - Wunnen, Gesondheet a Bildung: 3 grondleeënd Besoine vun der mënschlecher Existenz däerfen net de fräie Kräfte vum Marché iwwerlooss ginn.
Fir d’Wunnen zu Lëtzebuerg erëm abordabel ze maachen, missten eng ganz Rei Mesuren ergraff ginn, vun der Fiskalitéit iwwer d’Landesplanung bis bei d’Ënnerstëtze vun neien Bau- a Wunnformen[3]. Eng vu ville Pisten wier dobäi eng Lëtzebuerger Lex Koller[4], dës géif, ewéi an der Schwäiz, den Ukaf vun Immobilien a Bauterrainen duerch auslännesch (net europäeschen) Investisseuren, just ënner ganz limitéierten Konditiounen zouloossen.
Am Gesondheetsberäich, muss d’Kris déi de Covid-19 ausgeléist huet, genotzt ginn, fir dësen elo nach besser op zukünfteg Pandemie vir ze bereeden. Duerfir muss genuch Personal ausgebilt ginn an déi néideg technesch Infrastruktur zur Verfügung stoen. Eis Spidolskapazitéit dierf net nëmmen op déi hei wunnend Bevëlkerung, mee och déi hei schaffend Bevëlkerung, spréch op eis ganz Assuréen, ausgeluecht ginn.
An der Educatioun goufen duerch den noutgedrongene “Home-schooling” Ongerechtegkeeten, déi et scho gouf, nach eemol verstäerkt. Kanner aus sozial besser gestallte Familljen schloen sech besser derduerch wéi Kanner aus manner favoriséierte Milieuen. Den nationale Bildungsbericht[5] weist, dass e Schüler, deen doheem gehollef kritt / ka kréien, besser drun ass wéi een, deem déi Ënnerstëtzung feelt. D’Zil muss et sinn déi bekannte Scheier méi kleng ze kréien an d’Schoul op déi extraordinär Mixitéit vun eiser Gesellschaft auszeriichten. Dofir muss d’Schoul am Primaire an am Secondaire och an Zukunft ëffentlech bleiwen. - Nëmmen eng gerecht Gesellschaft kann déi enorm Erausfuerderungen, déi elo virun eis leie gemeinsam bewältegen. Steiergerechtegkeet spillt dobäi eng zentral Roll.
Steierlech «Abus’en», ewéi déi vun de FIS-Immobilieren, mussen ersatzlos gestrach ginn. Déi Leit, déi d’Allgemengheet, also eis Alleguer, iwwer esou Strukture beduckst hunn, mussen dee produzéierte Steierausfall (a Milliardenhéicht) elo zeréckbezuelen an sech esou um Finanzement vum Krisen-Pak bedeelegen!
Generell muss d’Progressivitéit an der Steiertabell ugepasst ginn an de Facteur Aarbecht entlaascht ginn. Et kann net sinn dat eng Infirmière op hirem Aarbeschtsakomme 5x méi Steiere bezilt, ewéi een Iewe vun engem Aktienpak, deen domat de selwechte Profit regeneréiert huet[6]. Eng fundamental Steierreform, déi iwwer d’Individualiséierung eraus geet a reell Spëtzesteiersätz[7] aféiert, muss verhënneren dat Lëtzebuerg, zum Land vun de sozialen a monetären Ierfschaftsdynastien verkennt. - Scholde maachen ass aktuell onëmgänglech. Direkt virzegesinn ewéi een déi zeréck bezilt, déi eenzeg transparent Approche fir dem Entstoe vu gefillten Ongerechtegkeete virzegräifen.
Eng interessant Pist heibäi wier, d’Zeréckbezuelen iwwer eng eemoleg Verméigensofgab vun 10% vum Netto-Verméigen ze finanzéieren. Een héije Fräibetrag, deen ee bei 1,5 Milliounen bis 2 Milliounen Euro usidele kéint, dat méi ewéi dem duebelem vum duerchschnëttlechem Nettoverméige vun engem Lëtzebuerger Haushalt entsprécht[8], géif hei fir déi néideg sozial Selektivitéit suergen. Eng ugepassten Zäitspan fir d’Bezuele vun dëser spezieller Verméigensofgab géif virun onnéidege Liquiditéitsengpäss schützen. Duerch speziell Fräibeträg a Vergënschtegunge fir Betribsverméigen, kéint esou eng Ofgab och net zu dem oft beschwuerenem Doudegriewer vum erhofftem wirtschaftlechem Opschwong ginn.
Kruzial, fir enger Strukturatiounsinflatioun vu “cleveren” Verméigenden ee Schrëtt viraus ze sinn, misst d’Verméigensstruktur vum 18. Mäerz 2020, Dag vum Akraafttriede vum Noutstand, gëllen. D’Verméige selwer sollt awer dat vum Dag vum Aféiere vun esou enger Ofgab sinn. - Den Aarbechtsalldag ass vun haut op muer, virun allem am Déngschtleeschtungssecteur, en Anere ginn. De jëtzegen Zoustand beweist virun allem dass aner Aarbechtsmodeller duerchaus méiglech sinn. Och wann et sech momentan em Noutléisungen handelt, dierfe grad des no der Kris net duerch déi üblech Aarbechtsofleef ersat a vergiess ginn.
Eng Zesummenaarbecht vun der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften ass gefuerdert, fir an Zukunft en partiellen Télétravail an allen administrative Beruffssecteuren an ze feieren. An engem Participatiounsprozess sollen d‘Erfahrungen, d‘Probleemer an d‘Verbesserungsvirschléi vun de villen aktuell betraffenen Employéen a Patronen aus de verschiddenste Secteure genotzt ginn, fir effizient néi Aarbechtsmodeller auszeschaffen. Dobäi soll den Télétravail keng Optioun méi sinn, mee als wichtege Schrëtt an d’Richtung vun enger nohalteger Gesellschaft betruecht ginn. Manner Trafic, manner Fläch fir Büroe méi Fläch fir Wunnraum, eng besser Kompatibilitéit vum Privat- a Beruffsliewe sinn nëmmen e puer positiv Aspekter. Et muss awer verhënnert ginn dat d’Trennung tëschent Beruffs- a Privatliewe komplett opgehuewe gëtt an een « Droit à la déconnexion » soll an dëser Diskussioun eng Zentral Roll ze gutt kommen. - D’Unerkennung vu systemrelevante Beruffer muss vun Dauer sinn. D’Zäit ass komm, Beruffer aus de Secteuren Nettoyage, Commerce, Fourniture… als Ausbildungsberuffer un ze erkennen an hinnen esou en fairen aarbechtsrechtleche Kader ze garantéieren. Als essentielle Bestanddeel vun eiser Gesellschaft mussen des Beruffer och deementspriechend remuneréiert ginn.
- Aarbechtsaarmut, schaffen an awer vun Aarmut bedrot sinn, eng eigentlech paradoxal Situatioun, déi vir ëmmer méi Leit, och am räiche Lëtzebuerg, zur batterer Realitéit gëtt. Am Joer 2017 ware 17,4% vun de Leit betraff déi enger Deelzäitaarbecht no ginn, an 12,2% vun de Leit déi voll 40 Stonnen d’Woch schaffen[9]. Den trauerege Constat ass kloer: Schaffe schützt, och am räiche Lëtzebuerg, net méi virun Aarmut.
De generellen Aarmutsrisiko betrëfft besonnesch Elengerzéier, Independanten, Deelzäitbeschäftegter, Migranten a jonk Leit, mee en geet eis all eppes un a muss schnell eliminéiert ginn. Amplaz d’Berechnungen a Fro ze stellen, muss ee schnell handelen, an déi 60.000 Leit déi vum Aarmutsrisiko betraff sinn, duerch ee ganze Pak un Mesuren, aus der Situatioun eraus huelen! - Eis Gesellschaftskultur muss no der Kris eng aner sinn. An dëser muss d’Kultur eng zentral Roll spillen. Am Confinement huet de Publik seng Lëtzebuerger Kënschtler zeréck entdeckt. Et sinn d’Wierker vu Kënschtler déi des Zäit méi spannend, intressant, schéin an emotional maachen. Mee dës gesellschaftlech Wäertschätzung, muss sech fir déi kreativ Schaffend och finanziell lounen, an den Androck muss vermidde ginn dat déi lokal Kultur soll gratis sinn.
D’Kultur brauch eng Plattform, fir sech vis-à-vis vun der internationaler Ënnerhalungsindustrie, kennen ze behaapten. Ee gesonde Mix tëschent lokaler, regionaler an internationaler Kultur, suergt fir deen batter néidegen Austausch, schafft Versteesdemech a bréngt der Gesellschaft doduerch eng enorm Beräicherung; an all Komponent vun deem Mix verdéngt duerfir eis Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet. - De Konsument huet endlech en Beweis dass säi Verhalen, d’Strategie vun de grousse Firmen immens beaflosse kann. Grouss Firme wie LVMH, L’Oréal oder Zara hunn hier Produktioune vun engem Dag op den Anere komplett ëmgestallt, hiert solidarescht Häerz zwecks Werbefrëndlechtkeet entdeckt an ugefaangen Otemschutzmasken an Desinfektiounsmëttel hierzestellen.
Et muss jiddweree vun eis sech froen, op en onbedéngt dee leschte Gimmick „Made in China“ op Amazon bestelle muss oder awer e Lëtzebuerger Betrib ënnerstëtzt an op Letzshop bestellt. Et soll jiddwereen sech froen, op en onbedéngt argentinescht Rëndsfleesch beim Discounter kafe muss, wat oft duerch d’ganz Welt transportéiert ginn ass oder net besser e Stéck Fleesch vun engem Lëtzebuerger Bauer bei engem Lëtzebuerger Metzleschbetrib keeft.
Et ka sinn dat bei verschidde Konsumenten d’Bewosstsinn fir déi primär Konsumgüter zeréck komm ass. Des erëmgewonne Wäertschätzung muss genotzt ginn an ausgebaut ginn, fir dem Präisdumping z.Bsp. an der Liewensmëttelindustrie entgéint ze wierken, an d’Kraaft vum Konsument esou ze notzen dass d’Liewensmëttelpräisser erëm méi un en Präis ugepasst ginn, deen eng gutt Qualitéit, eng nohalteg Produktioun a fair Aarbechtskonditioune sécherstellt. De Konsument muss awer an Zukunft, och nei juristesch Méiglechkeete kréie fir seng Interêten ze verdeedegen. Sammelkloe mussen duerfir och schnellstméiglech hei zu Lëtzebuerg méiglech ginn. - Lëtzebuerg muss kloer fir een Europa vun der Solidaritéit astoen. Déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Corona Kris solle vun allen Memberstaaten zesumme gedroe ginn.
Dofir hei d’Fuerderung fir eng gemeinsam Budgets- a Scholdepolitik. Et bitt sech och d‘Geleegenheet fir um Terrain vun enger eenheetlecher Fiskalpolitik d’Union virun ze bréngen. Eng Finanztransaktiounssteier, déi eleng eng Ronn 57 Milliarden Euro pro Joer an den EU-Budget spille kéint[10], mee och eng GAFA Steier, déi sécherstellt dat déi grouss multinational Konzerner ee Minimum un Steiere bezuelen, wäre Weeër fir néi Ressourcen ze schafen, déi dann dem entspriechend kënnen een Europäesche Marschall Plang finanzéieren. - Des Sanitär Kris beweist wat scho laang gewosst ass mee heiansdo vergiess gëtt; Lëtzebuerg brauch seng Noperen. Dofir ass et néideg dass sech Lëtzebuerg als politesche Motor an der Groussregioun gesäit an seng ekonomesch Entwécklungspolitik koherent op seng Noperen ofstëmmt. Dobäi soll eise Roll an der Groussregioun net nëmmen aus enger wirtschaftlecher Noutwendegkeet eraus geduecht ginn, mee muss sech vun humanisteschen Grondwäerter leede loossen, bei deenen d’Solidaritéit, och déi finanziell, d’Basis vun der Zesummenaarbecht duerstelle muss.
D’ökologesch Transitioun vu Lëtzebuerger klappt nëmme wann se d’Groussregioun mathëlt. Gezillt Projeten um Niveau vum Transport, an der Fuerschung tëschent den Unie wären e puer Piste vu villen. D’Corona Kris huet eis och d’Konsequenze vun enger Delokaliséierung vun eiser Industrie an Dumpingslänner gewisen. Hei kéint d’Groussregioun duerch gemeinsam Industrialiséirungsinitativen, néi Aarbechts Perspektive wéi och Onofhängegkeete bréngen. - Géint de Virus hëllefe keng Waffen, mee schlau Käpp. Et war e Virus dee ganz Europa ënnerhalb vun e puer Wochen zum Stëllstand bruecht huet. Dofir stellt sech no dëser Kris méi wéi jee d’Fro, ob 2 Prozent vum PIB fir Verdeedegung nach Sënn maachen oder ob déi Suen – op d’mannst en Deel dervun – net besser an der Fuerschung opgehuewe wären.
D’Fuerschung zu Lëtzebuerg brauch sech weltwäit net ze verstoppen dat huet se alt erëm bewisen. Den Opbau vun engem biotechnologesche Standpunkt zu Lëtzebuerg géif d’Chance bidden eis Ekonomie weider ze diversifizéieren a mat Hëllef vun ëffentlechen Investitioune kéint de Staat weider (Steier) – Recetten erschléissen. Deen allgemengen Trend hin zur Sozialiséierung vun de Fuerschungsausgaben, an der Privatiséierung vun de Gewënner, muss vum Staat awer och heibäi gebrach ginn. - D’Auswierkunge vun der Klimakris kenne just nach gebremst, mee net méi gestoppt ginn. De Klimanoutstand ass duerfir onëmstridden an een Ëmdenken zwéngend noutwendeg. Keen Cent dee fir de Kampf géint de Klimawandel virgesi war, däerf fir dës Kris elo ëmgeleet ginn an dozou bäidroen, dass zwou Krise géinteneen ausgespillt ginn. Eng wëssenschaftsbaséiert Politik muss och no dëser sanitärer Kris mat der néideger Suergfalt weidergefouert ginn.
- Déi wichteg Virreiderroll vum Staat, als eenzeg demokratesch legitiméierten Acteur, hin zu enger nohalteger a gerechter Gesellschaft muss vum Staat virgelieft ginn. Onnéideg obsolet bürokratesch Monopoler sollen ofgeschaaft ginn, an duerch eng méi effektiv a schnell Staatsobsicht ersetz ginn.
De Staat an seng alliéiert Strukturen, ewéi zum Beispill de “Fonds de compensation”, mussen hier klimaschiedlech Subventioune respektiv Investitiounen direkt astellen an hier Milliarden der “nohalteger Wend” ze gutt komme loossen.
Et ergëtt sech elo eng eemoleg Méiglechkeet fir Lëtzebuerg nohalteg méi gerecht ze gestalten.
All Zesummen am Interêt vun eis alleguer, komm mer notzen se!
An der Linn vun hirem Motto „Cultiver le débat“ huet d‘Fondation Robert Krieps (FRK) wëlles an onreegelméissegen Ofstänn kuerz Noten zu aktuellen Themen erauszeginn. Fir di éischt Note 2020/1 huet d’FRK 4 jonk Leit gefrot fir hir Iddien zu néidege Mesuren a Reformen no dem Ausgang vun der Coronakris matzedeelen. Dëst sinn eis Iwwerleeungen.
Hei den Link op déi offiziel Publikatioun vun der FRK: https://www.fondationrobertkrieps.lu/wp-content/uploads/2020/04/No-der-Kris-Iddien-fir-den-Wee-no-vir.pdf
[1] Mazzucato, Mariana. The Value of Everything Making and Taking in the Global Economy. 2018.
[2] Als Inspiratioun kéint dat franséischt Gesetz vum 27 Mäerz 2017 déngen. (Loi n° 2017-399 du 27 mars 2017 relative au devoir de vigilance des sociétés mères et des entreprises donneuses d’ordre).
[3] Fir méi Detailer a Bäiträg zur Diskussioun iwwert de Wunnengsnoutstand zu Lëtzebuerg verweise mir op d’Broschür “Urgence Logement”, mat 13 Artikelen op 60 Säiten, déi d’FRK am Januar 2020 erausginn huet.
[4] „Bundesgesetzes vom 16. Dezember 1983 über den Erwerb von Grundstücken durch Personen im Ausland“ (BewG, SR 211.412.41)
[5] Nationaler Bildungsbericht Luxemburg 2018, Luxembourg Center for Educational Testing (LUCET) & SCRIPT
[6] Fir méi Detailer: “Comment les inégalités fiscales renforcent-elles les inégalités de revenus et de patrimoine”, Chambre des Salariés Luxembourg.
[7] Ee Bléck an d’Amerika vun de 60er a 70er Jore kéint dobäi fir Inspiratioun suergen a beweisen dat reell Spëtzesteiersätz keng Utopie sinn.
[8] Bulletin 2019, 3, Banque centrale du Luxembourg, S. 44.
[9] Panorama Social, CSL 2019, S.117 – 119
[10] Proposal for a Council Directive on a common system of financial transaction tax and amending Directive 2008/7/EC, S. 11