“Das Virus hat uns an eine Zeitwende gebracht.
Beides ist jetzt möglich, das Strahlende und das Schreckliche“[1]
An Däitschland hunn dës Woch Deeler vun der CDU fir een Erofsetze vum Mindestloun plädéiert. Kuerz drop sinn si vun der Parteispëtzt zeréck gepaff ginn. Dëse Virfall weist dat et Iwwerleeunge ginn, d’Käschte vun der Kris vun Uewen no Ennen ofzewälzen ; spréch déi Schwächst fir dës Kris bezuelen ze loossen !
Och zu Lëtzebuerg wäerte Stëmmen sech erhiewen, déi fuerdere wäerten dat de Käschtefacteur Aarbecht ofgewäert muss ginn. Hier Analyse wäert einfach sinn: D’Aarbecht ass souwisou schonn am Grand-Duché méi laang ze deier a schued domat eiser Kompetitivitéit ; d’Léisung ass einfach : méi Stonne schaffen, fir manner Suen.
Anescht ewéi an Däitschland, wäert zu Lëtzebuerg, op mannst offiziell, keen en Erofsetze vum Mindestloun fuerderen. Eng reell Gefor besteet, menger Meenung no, allerdéngs bei den Aarbechtskonditiounen, virun allem am Commerce, an et wäerte Stëmme ginn, déi elo eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite fuerdere wäerten. Dëst mat der Argumentatioun : wann d’Geschäfter endlech 24 Stonnen 7 Deeg op 7 opmaache kennen, kéinnt een déi coronabedingt Ëmsazausfäll kompenséieren.
Schonn eleng ekonomesch ass dës Iddi ze hannerfroen. Duerch eng komplett Liberaliseierung vun den Ëffnungszäite kann net méi konsuméiert ginn, wann d’Konsumenten net méi Akommes hunn, wat jo am Moment kloer net den Fall ass. Den Ëmsazkuch gëtt also, ouni Gehaltserhéijungen, net méi grouß, mee en gëtt just anescht verdeelt. Deen inexistente respektiv minimmen ekonomeschen Impakt hätt een sech op Käschte vun de Salariéen aus dem Commerce an de lokale Commercen deier bezuelt, well et sinn Si déi ënner esou enger Reform leide géifen.
Léieren aus der 95er Reform
Eng Reform vun den Ëffnungszäite kéint relativ schnell zur Debat kommen, besonnesch well déi aktuell Gesetzgebung scho méi laang sollt ugepasst ginn[1], an zanter dem Arrêt vum 17 märz 2017 vun der Cour constitutionnelle[2] op wackelege Féiss steet.
Virun der leschter grousser legislativer Reform vun den Ëffnungszäiten, am Joer 1995, huet eng Etüde festgehalen: « Interrogées sur les conséquences de la (nouvelle) formule pour le personnel (…) 47% des personnes estiment qu’elles sont plutôt négatives tandis que 20% y voient une amélioration des conditions de travail. »[3] Trotz dësem kloren Resultat, ass d’Situatioun vun de Salariéen net weider analyséiert ginn an d’Reform duerchgeboxt ginn. Schliisslech hat déi deemoleg Reform « pour but premier de créer un contexte favorable au développement du commerce »[4], an net méi oder manner sollt erreecht ginn.
Fir dee favorabele Kontext fir den Developpement vum Commerce ze beurteele gouf awer keng genau Analyse vun all deene vun der Reform betraffene Geschäfter gemaach, mee d’Auswierkunge vun der Reform si just bei 2 Supermarchéschaînen simuléiert ginn. Béit Supermarchéen hunn an der zousätzlecher Ëffnungszäit ee Plus um Chiffre d’Affaire vun em déi 6% constatéiert[5]. Aus dëser héich « representativer » Etüde, huet een dann ofgeleet dat d’Gesetzesännerung ee positiven Effekt op de ganze Commerce wäert hunn. Dat zum Commerce awer och déi sëlleg lokal Geschäfter zielen, ass net weider berécksiichtegt ginn !
An elo ?
An der aktueller Diskussioun favoriséiert d’Confédération luxembourgeoise du commerce[6] ee skandinavesche Modell ouni fest Ëffnungszäiten, bei deem d’Eenzelhändler selwer kennen driwwer entscheede wéini se op respektiv zou hunn.
Schéin an gutt, komm mer diskutéieren driwwer, mee anescht ewéi bei der 95er Reform, misst ee mol als eicht mat enger wëssenschaftlecher Etüd wichteg Froen um Niveau vum gesamte Commerce beliichten:
– Méi Ëmsaz bei méi oppe Stonnen, zielt dëst och fir déi kleng lokal Commercen oder just fir Supermarchéen?
– Kennen d’Eenzelhändler an de Randzäite genuch erwirtschafte fir déi zousätzlech Personalkäschten ze decken ?
– Profitéiert am Endeffekt wierklech de gesamte Commerce vu méi laangen Ëffnungszäiten oder virun allem déi grande Surfacen, well se duerch déi länger Ëffnungszäite Part de marchéen zougewanne kennen ?
– An last but not least, wei kann een d’Interête vun de schaffende Leit bei den Ëffnungszäite besser, oder mol iwwerhaapt, bei esou enger Reform afléisse loossen ?
Eng Etüd vum LISER aus dem Joer 2018, gëtt schonn éischt Unhaltspunkte wat fir een Afloss, d’Owesaarbecht, also no 18 Auer op déi betraffe Salariéen huet. All Drëtten deen Owes, no 18 Auer, schafft, ass manner zefridde mat sengem Liewen ewéi wann en Owes net géif schaffen[7]. D’Owesaarbecht huet also fir vill Leit kee positiven Afloss op hiert Liewen. Beim Grond firwat si Owes schaffen hunn 4 vun 10 Leit uginn aus Angscht schaffen ze goen ; aus Angscht hier Aarbecht ze verléiere wann si et net maachen[8]. Een Trend deen an dem aktuellem negativen ekonomesche Klima sécher net wäert ofhuelen, an duerfir méi genau muss beliicht ginn.
Oft gëtt d’Auswäite vun den Ëffnungszäiten als dat Wonnermëttel géint déi ëmmer méi staark international Internetkonkurrenz geféiert. An Amerika gëtt trotz kompletter Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, däitlech méi online geshoppt ewei z.Bsp. an Däitschland, wou et nach ëmmer kloer Ëffnungszäiten ginn[9]. Et ass also kloer der digitaler Konkurrenz muss ee mat enger digitaler Offer entgéint trieden, déi souwuel onkomplizéiert fir d’Clienten ewéi fir d’Commerçanten ass. Dem lokale Commerce ass vis-à-vis vun Amazon & Co méi gehollef duerch dat weidert Ausbaue vun der Online-Verkaafsplattform Letzschop, wei duerch eng Ouverture 24h/24h.
Eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, par contre, ass weder vun de Salariéen gewollt[10], nach bleift ze beweisen dat se dem lokale Commerce vill brénge wäert.
[1] Voir Programme gouvernemental 2013 S. 55
[2] Arrêt de la Cour Constitutionnelle, N° 128/17 du 17 mars 2017
[3] Projet de loi réglant la fermeture des magasins de détail dans le commerce et l’artisanat, document parlementaire N°4001/2, S.5
[4] Rapport de la commission des classes moyennes, du tourisme et du logement, doc. parl. N°4001/6, page 2
[5] Projet de loi réglant la fermeture des magasins de détail dans le commerce et l’artisanat, document parlementaire N°4001/2, S.5
[6] d’Lëtzebuerger Land du 06.12.2019, Woche ohne Ende, Pol Schock
[7] Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du Ministère de l’Economie : Principaux résultats de la consultation menée auprès des Employés, LISER, 2018, S. 81
[8] Id. S. 84
[9] 7. Mai 2020, DIE ZEIT N°20, S.10
[10] Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du Ministère de l’Economie : Principaux résultats de la consultation menée auprès des Employés, LISER, 2018, S.83