D’Geschäfter sinn erëm op, d’Restauranten an d’Caféen hunn dës Woch nogezunn a sëlleg Leit kennen elo erëm hirer Aarbecht nogoen. Lues a lues entsteet erëm eng gewëssen « anormal » Normalitéit.
Mee wei am Artikel vu Gëschter schonn erwäänt, wäerten och zu Lëtzebuerg Stëmmen sech erhiewen, déi fuerdere wäerten dat mer de Faktor Aarbecht vis-à-vis vum Ausland ofwäerte musse fir erëm méi kompetitiv ze ginn. Dobäi besteet menger Meenung no, eng reel Gefohr dat d’Aarbechtskonditiounen, virun allem am Commerce, sech verschlechtere kéinten. Op d’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten de richtege Wee ass, ass ze hannerfroen zemools wann een eng rezent Etüde vum LISER analyséiert. Nodeems mir Gëschter op d’Ëffnungszäiten agaange sinn, wollt ech Haut ee Bléck op d’Sonndesaarbecht werfen.
An Däitschland zanter 1869[1], zu Lëtzebuerg zanter 1913[2], de Sonnden ass gesetzlech an der Reegel ee fräien Dag, ee Roudag. Och am Joer 2020 steet nach klipp a kloer am Art.L.231-1 vum Code du travail : « Il est interdit aux employeurs du secteur public et du secteur privé d’occuper au travail, les jours de dimanche de minuit à minuit (…) ».
Bei der leschter textueller Reform vum dësem Artikel am Joer 1988, huet ee kloer als Zil annoncéiert : « d’en assurer la modernisation et l’adaptation aux impératifs d’une gestion optimale du temps de travail tout en sauvegardant les intérêts légitimes du personnel sur le plan social, d’une part, sur le plan religieux, culturel et familial, d’autre part»[3]. Een Ziel dat Haut nach ëmmer richteg ass, mee wou leider den zweeten Deel vum Saz, dee kruzial wichtege fir d’Salariéen, ëmmer méi a Vergiessenheet geréit.
Haut muss ee konstatéieren dat d’Ausnamen ëmmer méi zum Reegelfall ginn. Sonndes schaffen am Commerce 60,10% vun de Salariéen[4], wouvun 8 vun 10 Salariéen Sonndes am léifsten net géife schaffen, an dëst léiwer wärend der Woch géife maachen ![5]
Et si laut enger Etüd vum LISER majoritär Fraen, Leit déi Franséisch schwätzen, an an engem Betrib vun iwwer 16 Salariéen schaffen[6]. Och wann fir d’Majoritéit vun de Befroten d’Haaptmotivatioun fir Sonndes ze schaffen d’Gehaltserhéijung um Sonnde vu Minimum 70% ass[7] ; gi ganzer 45% un Sonndes aus Angscht schaffen ze goen; aus Angscht hier Aarbecht ze verléiere wann se et net géife maachen[8]. Een Drock, eng Angscht déi no Corona net wäert ofhuelen, ganz am Géigendeel.
D’Sonndesaarbecht huet och ganz kloer Repercussiounen op d’Zefriddenheet am Beruff. Mat hirem Beruffsliewe sinn am Duerchschnëtt 56% vun de Leit zefridden, schaffen se Sonndes sinn et nëmmen nach 45%[9]. Mam aktuellem Aarbechtsrecht sinn 71% vun de Leit zefridden, schaffen se Sonndes sinn et just nach 44%[10].
Et ass also kloer, schwätze mir no der Kris, iwwert d’Sonndesaarbecht : muss Sonndes schaffen eng Ausnam bleiwen, an déi Ausnam muss besser gereegelt ginn, am Interêt an op Wonsch hin vun deene Leit déi Sonndes schaffen.
Beim Festhalen un der Reegel vum fräie Sonnde geet et net drëm un enger historescher, reliéiser Traditioun tockskäppeg festzehalen, mee et geet drëm sécherzestellen, dat et een Dag an der Woch gëtt, wou d’Aarbecht net un éischter Stell steet. Dëst, fir dat mir, eis Alleguer, kennen eise gesellschaftlechen Aktivitéiten, sportlecher, kultureller oder sozialer Natur widmen, oder mol einfach eng Kéier rouen, an Zäit mat der Famillen a Frënn verbréngen.
Trei nom Motto : « Menschen sind eben nicht Konstenfaktoren, die mit Ohren versehen sind»[11], däerf och an der zukünfteger Aarbechtswelt d’Mënschlechkeet net ze kuerz kommen !
[1] §105 Gewerbeordnung 21. Juni 1869
[2] Article 1er loi du 21 août 1913 concernant le repos hebdomadaire des employés et ouvriers
[3] PROJET DE LOI modifiant 1) la loi du 21 août 1913 concernant le repos hebdomadaire des employés et ouvriers; 2) l’article 6 dela loi modifiée du 7 juin 1937 ayant pour objet la réforme de la loi du 31 octobre 1919 portant règlement légal du louage de service des employés privés, doc. parl. n°3070/1, S. 2
[4] Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du Ministère de l’Economie : Principaux résultats de la consultation menée auprès des Employés, LISER, 2018, S. 12
[5] Id. S. 12 – 13
[6] Code du travail Art. L-231-7(2)
[7] Id. S.35
[8] Id. S.40
[9] Id., S. 32
[10] Id., S. 34
[11] Kurt Beck, zit. nach « die tageszeitung », 13 januar 2006