Articles Politik

Steiergerechtegkeet:
op Mokuchsdag verréckelt?

„In Wahrheit zahlt meine Sekretärin mehr Steuern als ich“[1]
Fréiere MC-Kinsey Beroder

Steiergerechtegkeet ee Begrëff fir deen et keng sou wierklech Definitioun gëtt a munch Leit souwisou als inexistent bezeechne géifen. Fir dës Leit gëtt et keng gerecht Steier, well all Steier eng Ofgab un de Staat ass, an déi gëllt et ze minimiséieren. Sou fuerdert den Nicolas BUCK, President vun der UEL, zanter Joren dat d‘Impôt commercial communal ofgeschaaft gëtt: „Mais pourquoi, en tant qu’entreprise, dois-je verser de l’argent à une commune ?“[2]

Wat en Allerdéngs net seet, genau esou ewéi déi sëlleg aner Leit déi ëmmer just kenne vu manner Steiere schwätzen, ass ze erklären ewéi Sie sech eist Zesummeliewen an Zukunft virstellen; an engem Staat vun deem d’Bierger ëmmer méi erwaarden, deen duerch Digitalisatioun a Klimakris, nei Aufgabe muss iwwerhuelen, mee deen duerch déi gefuerdert manner Recetten ëmmer manner ka maachen?

All Steier ass wuel eng Ofgab, déi ee vu sengem Akommes muss ofginn, mee se erlaabt der Allgemengheet, also eis Alleguerten, a schlechte Momenter ee Minimum un Ënnerstëtzung a mënschlecher Würd kennen ze erhalen, eis Infrastrukturen auszebauen, an duerch déi ëffentlech Bildung d’Mär vum sozialem Opstig duerch dës, alt nach halbwegs um Liewen ze halen. Gerechtegkeet bei der Besteierung besteet virun allem bei engem Steiersystem, deen d’Laaschten ënner de Steierzueler gerecht verdeelt, also wann dee wou méi huet, och bësse méi ofgëtt ewéi dee wou manner huet.

D’Haaptuleies an enger Steiergerechtegkeets-Diskussioun, ass et net fir ëmmer nei Steieren ze fuerderen, mee fir een Aen drop ze hunn, dat all Awunner, jee no sengem Verméigen, sech méi oder manner um Finanzement vum Staat bedeelegt. Eng progressiv Besteierung sollt dës sécher stellen.

An de lëschte Wochen huet een oft een Argument héieren dat hei zu Lëtzebuerg „e puer 100 Leit e puer Prozent duerstelle vum ganze Steierakommes an dass ganz vill Leit eigentlech knapps bis guer keng, oder ganz wéineg Steiere bezuelen[3]. Ee Constat, dee souguer d’Gewerkschaften an engem Communiqué mat gedroen hunn, an deem et heescht „en 2017, à peine 2% des contribuables payent 50% des recettes totales de l’IRPP[4]. Mat där Argumentatioun well een de Message vermëttelen dat et ongerecht wier, dat déi wéineg Leit esou vill vun der Steierlaascht droen. Et ass schued dat d’Gewerkschaften dëst kommentarlos an engem Avis mat ënnerstëtzen ouni d’Ausso ze relativéieren an se ze kontextualiséieren, z.B. wéi vill % vum totalem Akommes entfält op dës 2%, an och drop hinzeweisen dat esou ee „Déséquiliber“ op d’Ongläichheete beim Akommes zeréck ze féieren ass, an op kee Fall ongerecht ass.

Dat eenzegt wat eis esou eng Ausso am Endeffekt seet, ass dat e puer 100 Leit hei am Land zimmlech vill verdéngen, an dat ganz vill Leit de Mindestloun verdéngen, vir genau ze sinn 59.957 Leit[5], an duerfir, absolut zu Recht (!), vill manner Steiere bezuelen. Déi wou dat net gerecht fannen, deene recommandéiere mir nëmmen 1 Mount ze probéiere mam Mindestloun hei am Land iwwert d’Ronnen ze kommen; an dono nach eng Kéier hier Gedanken ze zortéieren.

A Punkto Gerechtegkeet vun eisem Steiersystem seet esou eng Ausso guer näischt aus! A Punkto Gerechtegkeet kennt et virun allem drop un, dat d’Akommes no dem Leeschtungsprinzip vum Steierzueler besteiert gëtt, spréch dee wou méi huet och prozentual méi vu sengem Verméigen ofgëtt; bis zu enger gewësser Limitt versteet sech.

Fir d’Steierlaascht ze kontextualiséiere kann ee soen, dat een Aarbechter um Bau am Duerchschnëtt ee Bruttoakommes vun 42.847,- €[6] huet, dorop als Celibataire 4.218,- € un d’Allgemengheet ofgëtt[7], wat 9,8 % ausmëscht. An deem bescht bezueltem Secteur, deem vun de Finanze läit d’brutto Duerchschnëttsakommes bei 63.457,- €[8], dorop géif een 11.748,- € un Steiere bezuelen[9], wat 18,5 % ausmëscht.

Interessant ass och, dat d’Aarbeschtsakommes, also dat Akommes fir dat mir iwwer 40 Stonnen d’Woch schaffe ginn, méi héich besteiert gëtt, ewéi d’Kapitalakommes. Dëst féiert dozou dat eng Infirmière op hirem Aarbeschtsakommen[10] 5x méi Steiere bezilt[11], ewéi een Iewe vun engem Aktiepak, deen domat de selwechte Profit regeneréiert huet. Och wann béid Besteierungen net honnert Prozent mateneen ze vergläiche sinn, d’Leeschtung vu béide kann all Mënsch sech selwer ausmolen an d’Fro vun der Gerechtegkeet vun esou engem System muss gestalt kenne ginn.

Virun allem fir déi Verméigend, déi laut eisem Gesellschaftsvertrag an dem Leeschtungsprinzip, eigentlech méi sollten zum Finanzement vun der Allgemengheet bäidroen, kennen duerch e puer Gesetzer, respektiv ongewollte Gesetzeslücken, de Prozentsaz zu deem Sie besteiert ginn, labber erofdrécken, eng Méiglechkeet déi engem normale Salarié net gi sinn, mee eis Alleguer extreem vill kaschten.

Zum Beispill, kann een sech amplaz iwwer ee Salaire, och iwwer een Aktienpak bezuele loossen. Dës Aktienpaketer gi vill méi déif besteiert ewéi de Salaire, an de Finanzminister selwer schwätz vun engem Steierausfall vun 135 Milliounen Euro pro Joer[12]. Ee Montant fir deen ee all Joers zwee Lycéeën renovéieren an ausbaue kéint[13] oder all Joers eng ganz fuschnei Nationalbibliothéik baue kéint[14].

Aner Verméigender bunkeren hier Bauterrainen oder Immobilien an engem Fonds d’investissement spécialisé, wou hier Plus-valuen mat engem Prozentsätz vun 0,01% besteiert ginn. Sou kennt et dat een op 20 Milliounen Euro Loyersakommen, am ganzen 2.000 Euro un d’Allgemengheet ofgëtt, am verglach mat der Kontributioun vun eisem Beispill vum Salarié um Bau, respektiv am Finanzsecteur, ass dëst komplette Peanuts an de Leeschtungsprinzip domat dout!

Béid Ongerechtegkeete schéngt d’Regierung au moins erkannt ze hunn, sou well se laut Säit 120 vum Koalitiounsofkommes, eigentlech béid Steiernischen ofschafen an dëst zanter 2018. Leider ass bis Haut näischt geschitt, an een embryonalen Ufank vu Steiergerechtegkeet, ass domat bis op Mokuchsdag verréckelt ginn.

Max Leners & Olivier Cano


[1] Anselm GÖRRES, Volkswirt und früherer McKinsey-Berater, Süddeutsche Zeitung 25. August 2004.

[2] Bernard THOMAS, « Monstre du Loch Ness, Père Noël et vaches sacrées » ,Lëtzebuerger Land, 7 juillet 2020.

[3] Marc WAGENER, Sousdirekter bei der Handelskummer, RTL, 26 August 2020.

[4] EVOLUTION ECONOMIQUE, SOCIALE ET FINANCIERE DU PAYS 2020, Contribution commune des partenaires sociaux nationalement représentatifs au Semestre européen 2020, 14 juillet 2020, page 6.

[5] CSL, Panorma Social, 2019, page 23.

[6] STATEC, Luxembourg en Chiffres, 2019, page 15.

[7] Steierklass 1 mat der Contributioun fir den Fonds pour l’emploi.

[8] STATEC, Luxembourg en Chiffres, 2019, page 15.

[9] Steierklass 1 mat der Contributioun fir den Fonds pour l’emploi.

[10] Salaire Débutant : 4.469Euro/mois, 53.628/an

[11]CSL, COMMENT LES INÉGALITÉS FISCALES RENFORCENT-ELLES LES INÉGALITÉS DE REVENUS ET DE PATRIMOINE?

[12] Réponse du ministre des Finances Pierre Gramegna à la question parlementaire n* 3945 du 20 juillet 2018 de l’honorable Député Eugène Berger concernant les « stock-options » ; 
n.b. deen duerch d’Usidlen vun weideren Finanzfirmen am Zäitalter vum Brexit erëm op 200 Milliounen Euro pro Joer geklomme wäert sinn.

[13] Portail des Travaux Publics ; Lycée Michel Rodange – rénovation et extension

[14] Portail des Travaux Publics

You Might Also Like