« Méi flexibel Aarbechtszäiten sinn net eleng eng Fuerderung vun ville Betriber selwer. Et ass och de Wonsch vun enger grousser Majoritéit vun den Salariéen. »[1], esou schreiwt d’Carole Hartmann (DP-Deputéiert) an engem Artikel vum 2.Dezember op dem Internetsite vun hirer Partei, der DP.
Op wéi eng Erkenntnisser dës Feststellung sech baséiert ass net gewosst; de ganzen Artikel kënnt nämlech ouni Foussnott oder Referenz aus. Et schéngt wéi wann, a beschter DP-Manéier, nees wëssenschaftlech verkaf soll ginn, wat net wëssenschaftlech beluecht ass. De Contraire ass suguer de Fall: Eng rezent Etüd vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Reserach (« LISER ») déi et zu dësem Sujet gëtt, kënnt zum Schluss, dass et eben NET der grousser Majoritéit vun de Salariéen am Commerce hiren Wonsch ass fir méi flexibel ze schaffen an d’Aarbechtszäiten weider ze liberaliséieren![2] Vun de Salariéen déi Owes spéit musse schaffen, schwätze sech grad emol 1,61% fir eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten aus; bäi deenen anere Salariéen sinn et 7,46%.[3] Iwwer 90% vun de Leit déi am Commerce schaffen sinn also géint eng komplett Liberaliséierung. En änlecht Bild ergëtt sech aus där Etüd wat eng deelweis Oplockerung vun den Ëffnungszäiten ugeet, och deem stinn knapp 60% ganz kritesch géintiwwer.
Mee wann mir iwwer d’Aarbechtszäiten am Commerce wëlle schwätzen, dann komm mir beliichten mol ewéi eis Matmënschen déi an deem Secteur schaffen, hiren Aarbechtsalldaag empfannen. Eng gutt Work-life-balance schreift sech jo mëttlerweil all Partei op de Fändel, esou och d’DP.
Owesaarbecht:
Aus der ugeschwater Etüd vum LISER am Optrag vum Wirtschaftsministère aus dem Joer 2018, geet ervir, dass All Drëtten deen Owes, no 18 Auer, schafft, manner zefridde mat sengem Liewen ass ewéi wann en Owes net géif schaffen.[4] D’Owesaarbecht huet also fir vill Leit kee positiven Afloss op hiert Liewen. Beim Grond firwat si Owes schaffen hunn 4 vun 10 Leit uginn aus Angscht schaffen ze goen ; aus Angscht hier Aarbecht ze verléiere wann si et net maachen[5]. Een Trend deen an dem aktuellem negativen ekonomesche Klima sécher net wäert ofhuelen, an duerfir méi genau sollt an esou enger Diskussioun beliicht ginn !
Sonndesaarbecht:
Sonndes, den Dag wou een soll zur Rou kommen, wou een Zäit fir seng Famill soll hunn, schaffen am Commerce 60,10% vun de Salariéen[6], wouvun 8 vun 10 Salariéen Sonndes am léifsten net géife schaffen, mee dëst léiwer wärend der Woch géife maachen![7] Et si laut der Etüd vum LISER majoritär Fraen, Leit déi Franséisch schwätzen, an an engem Betrib vun iwwer 16 Salariéen schaffen[8]. Och wann fir d’Majoritéit vun de Befroten d’Haaptmotivatioun fir Sonndes ze schaffen d’Gehaltserhéijung um Sonnde vu Minimum 70% ass[9] ; gi ganzer 45% un Sonndes aus Angscht schaffen ze goen, aus Angscht hier Aarbecht ze verléiere wann se et net géife maachen[10]. Een Drock, eng Angscht déi, wéi gesoot, no Corona net wäert ofhuelen, ganz am Géigendeel.
D’Sonndesaarbecht huet och ganz kloer Repercussiounen op d’Zefriddenheet am Beruff. Mat hirem Beruffsliewe sinn am Duerchschnëtt 56% vun de Leit zefridden, schaffen se Sonndes sinn et nëmmen nach 45%[11]. Mam aktuellem Aarbechtsrecht sinn 71% vun de Leit zefridden, schaffen se Sonndes sinn et just nach 44%[12].
Dëse klengen Exkurs an d’Etüd fir ze weisen ewéi komplex d’Thematik ass mat där een sech als éischt soll beschäftegen ei een pauschal Fuerderungen opstellt, déi doriwer eraus net begrënnt sinn. Bis elo nach net “begrënnt”, ass och d’Attraktivitéit vun den oppene Sonndeger fir d’Geschäftswelt, fir déi kleng Commerce selwer. Vill kleng Commerce schéngen ënnert dem Drock, Sonndes mussen opzemaachen, ze leiden. An der Stad Lëtzebuerg zum Beispiel ass demnächst Sonndes an der Staad shopen ugesoot dëst am Dezember fir d’Chrëschtgeschäft an am Januar fir d’Soldensaison.
Vläicht géif et der Stad Lëtzebuerg, déi ëmmer méi ënnert der liberaler Féierung ze leide schéngt; Wunnraum ass kaum nach do, d’(Iwwer)Liewe fir déi kleng Commercen gëtt ëmmer méi schwéier, gutt doen sech nach emol intensiv mat de 6 Fuerderungen vum OGBL sengem “Nos commerces, nos emplois – notre avenir” – 6 Punkteplang géif auserneen setzen. Fir d’Stad nees ze beliewen, a senge Salariéen awer och de ville klenge Commercen a Butteker, déi eng Stad dach ausmaachen, entgéint ze kommen.
“Aus der Corona-Pandemie mussen déi richteg Léiere gezu ginn”, gouf an der Lescht sou dacks gesot. “Wat brauche mir wierklech an eisem Liewen?”; “Wéi vill Konsum ass néideg?”, waren zwou weider Froen, déi oft opgeworf gi sinn. Sollt der DP hir Äntwert eng weider Liberalisatioun an e weidert Bradéieren vun den Ëffnungszäiten am Commerce sinn, gläichzesetzen mat enger negativer Auswierkung op d’Liewensqualitéit vun de Salariéen hei am Land, schéngt déi liberal Partei jiddefalls näischt aus dëser Kris geléiert ze hunn a keng Äntwerten fir d’Zukunft liwweren ze kënnen.
Ben Streff, Président Jeunesses Socialistes Osten & Max Leners
[1] Carole HARTMANN, « De Commerce brauch elo méi an net manner Flexibilitéit ».
[2] Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du Ministère de l’Economie : Principaux résultats de la consultation menée auprès des Employés, LISER, 2018.
[3] Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du Ministère de l’Economie : Principaux résultats de la consultation menée auprès des Employés, LISER, 2018, S.83
[4] Id. S. 81.
[5] Id. S. 84
[6] Id. S. 12.
[7] Id. S. 40.
[8] Id. S. 12 – 13.
[9] Code du travail Art. L-231-7(2).
[10] Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du Ministère de l’Economie : Principaux résultats de la consultation menée auprès des Employés, LISER, 2018, S. 35.
[11] Id. S. 32.
[12] Id. S. 34.