Articles Bildung Politik

Pressehëllef 2.0.:
Grouss Ukënnegung, Wéineg Inhalt

E Kommentar zur Pressehëllef.

Eng pluralistesch Medielandschaft erlaabt Meenungsbildung a virun allem Meenungsaustausch. Et kann een net nëmmen seng eege Meenung duerch néi Argumenter ausbauen, nee virun allem kann een se ëmmer erëm kritesch hannerfroen an dobäi aner Meenunge besser verstoen an novollzéien ; ouni se mussen ze deelen. Dëse fir eng Demokratie fundamentale Meenungsaustausch setzt awer eng fräi villfälteg Press viraus, déi net nëmmen d’Noriichte blann kommunizéiert, mee kommentéiert, anuerdent an informéiert – an domat eng Käraufgab an eiser Demokratie iwwerhëlt.

D’Lëtzebuerger Presseorganer deelen sech dobäi een iwwersiichtleche Marché mat wéineg potentielle Clienten an d’Sproch an där dës potentiell Cliente gäre liesen ass dobäi ganz ënnerschiddlech. D’Annoncengeschäft hellt säit Joren of, an sech eleng op dës ze verloosse géif op kuerz oder laang och der Pressefräiheet schueden ; well kann ee Presseorgan wierklech vis-à-vis vu senge Geldgeber kritesch an onofhängeg si wann säin ekonomescht Iwwerliewen um Spill steet ?

D’Medienentreprisë sinn zwar fir eis Demokratie, fir eis aller Zesummeliewen, enorm wichteg, mee ekonomesch äusserst onrentabel ; dobäi kennt nach dat ee muss oppassen dat d’Pressefräiheet net an der ekonomescher Ofhängegkeete vun de Presseorganer verluere geet. Duerfir kënnt d’Gesellschaft net ronderëm d’Presseorganer ze ënnerstëtzen, fir eng gewësse Villfalt an eng ekonomesch onofhängeg Press, an doduerch och am Endeffekt d’Pressefräiheet, kennen ze garantéieren !

Dat éischt Pressehëllef Gesetz

D’Basis vum aktuellem Pressehëllefgesetz staamt nach aus den 1970er Joren, enger Zäit wou den Internet nach net existéiert huet an déi politesch Welt nach kloer a Lenks, Riets an e bësse liberal ënnerdeelt war. Et war och eng Zäit, an där zu Lëtzebuerg besonnesch ee Politiker ongenéiert probéiert huet sech déi onfavorabel Press iwwer ekonomeschen Drock gefügeg ze maachen : den deemolege Bauteminister Albert BOUSSER.

1966 huet de Minister BOUSSER op der Chamberstribün ëffentlech deklaréiert dat hien säi Ministère ugewisen huet keng ëffentlech Ausschreiwunge méi am Journal ze verëffentlechen, well d’Oppositiounszeitung sech erlaabt hat Kritik vis-à-vis vu senger Persoun ze üben[1]. Mee domat net genuch. Enn 1967 huet hien d’Abonnementer, déi de Bauteministère beim Lëtzebuerger Land a beim Journal hat, gekënnegt. « Säin » Ministère sollt weder dës Zeitunge matfinanzéieren, nach sollten seng Beamten esou eng « subversive Lektüre » – Zitat BOUSSER – liesen[2]. Alles kloer Fäll vun ekonomescher Drockausübung op d’Press, vu Muechtmëssbrauch an Attacken op d’Pressefräiheet.

Aner Politiker hunn zu der Zäit ëffentlech Ausschreiwunge vun hirer Gemeng léiwer an der Publikatioun vun hirer Partei publizéiert, ewéi an enger Dages- oder Wochenzeitung[3] ; woubäi et hei net drëm gaangen ass d’Ausschreiwung deem gréisst méiglechem Publikum bekannt ze maachen, mee Sënn an Zweck vun dëser Praxis éischter war fir ëffentlech Suen der eegener Parteikees zouzeschousteren.

Parallel ass d’Annoncengeschäft vun den Zeitungen duerch déi grouss Konkurrenz vu Radio a Televisioun agebrach an d’Zeitunge kruten ëmmer méi finanziell Problemer. Léisunge missten ausgeschafft gi fir weiderhin eng pluralistesch Presselandschaft zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Éischt Iddie sinn entwéckelt ginn, zum Beispill wollte verschidde Politiker[4] eng Tax vu 5% op d’Publicitéiten déi um RTL lafen aféieren, a mat dëse Suen dann den Zeitungen ënnert d’Äerm gräifen[5].

Well d’Lienen tëschent den Dageszeitungen an der Politik extreem enk waren, d’Trennungen tëschent den Zeitungen an där Partei déi der Zeitung no stoung (Wort/CSV, Tageblatt/LSAP, Journal/DP) bal inexistent war, konnt eng glafwierdeg an halbwegs gerecht Propose just vun de Presseorganer selwer ausgeschafft ginn. Duerfir waren d’Association luxembourgeoise des éditeurs de journaux an d’Association luxembourgeoise des journalistes aktiv implizéiert, wann net souguer gréisstendeels fiederféierend, fir d’Gesetz vun 1976 auszeschaffen.

Dës clever Approche huet verhënnert dat d’Ausschaffe vun der Pressehëllef vu parteipoliteschem Geplänckels a Muechtiwwerleungen dominéiert gouf. Eng ongenéiert parteipolitesch Attack op de Gesetzestext koum ausgrechent vun enger Platz, där hier Muecht eigentlech just an hirer politescher Onofhängegkeet an Zréckhalung leie kann : dem ominéise Staatsrot.

De Staatsrotmember Fernand GEORGES huet a sengem Avis, deen als « Avis séparé du Conseil d’État » getarnt war, gefuerdert d’Gesetzpropose esou ëmzeschreiwe fir dat all Partei déi an der Chamber mat op mannst 5 Deputéiert vertruede wier, déi selwecht Sue sollt kréien ewéi d’Presseorganer. Deen eenzege Sënn vun dëser Propose war dat d’Parteipublikatioun « FF » vum Fernand Georges senger Partei, der deemoleger SdP, keng Sue krut, well et eben eng Parteipublikatioun war a keng Zeitung. De Journalist Jean-Marie MEYER huet dëst am « Lëtzebuerger Land » deemools treffend kommentéiert: « Derartiges Vorgehen heißt man schlicht Amtsmißbrauch, die Hohe Körperschaft hätte Georges’ Unverschämtheit auf keinen Fall dulden dürfen ».[6] D’Chamber huet den Avis séparé kritiséiert an ignoréiert. No 3 Deeg Debat ass dun den 19. Februar 1976 dat éischt Pressehëllefgesetz gestëmmt ginn.

Pressehëllef 2.0.

Säit Summer läit der Chamber eng Reform vun der Pressehëllef fir, déi net méi an net manner soll sinn ewéi « un véritable changement de paradigme »[7]. Och wann d’Reform e puer Neierunge virgesäit ass et awer zweiwelhaft op esou ee Superlativ bei dësem Gesetzesprojet ubruecht ass, an een net besser hätt vun engem onausgeräiftem éischte Virschlag ze schwätzen.

D’Approche déi vum Medieminister gewielt ginn ass fir dësen « changement de paradigme » auszeschaffen, war am Géigensatz zum 1976er Gesetz, kee participative Prozess mat de Presseorganer. Esou schreift d’Association Luxembourgeoise des Medias an hierem Avis zum Reformprojet : « le projet de loi tel que déposé ne peut pas pour autant être considéré comme résultat d’un processus de concertation avec le milieu concerné »[8] – ee wichtege Punkt fir ze verstoe firwat dee virleienden Text eklatant Schwächten opweist, net adaptéiert ass an nogebessert muss ginn !

Een Haaptkrittär no deem d’Pressehëllef aktuell verdeelt gëtt ass d’Unzuel vun de redaktionnelle Säiten déi eng Zeitung publizéiert. Dëse Krittär war schonn 1976 eng ëmstridde Kompromëssléisung. Am « Lëtzebuerger Land » huet de Leo KINSCH et deemools op de Punkt bruecht : « das Kreuzwort-Rätsel ist beinahe ebenso unterstützungswert wie (…) der Leitartikel, und die tendenziöse Massenware, die alltäglich in tausendfacher Ausführung von den internationalen Presseagenturen angeboten und verkauft wird, fällt gleicherweise ins Gewicht wie der hochspezialisierte diplomatische Kommentar, den eine kompetenzbedachte Zeitung aus Image-Besorgnis oder Prestige-Bedürfnis alltäglich oder allwöchentlich als exklusives Manuskript bestellt und bezahlt »[9].

Waren 1976 nach exklusiv Zeitungen ënner d’Pressehëllef gefall, spillen Haut Online Medie genau esou eng grouss Roll bei der Meenungsbildung a sollen duerch d’Reform op Aenhéicht mat den traditionellen Zeitunge kenne vun den Hëllefe profitéieren[10]. Duerfir ass d’Säitenzuel spéitstens am Joer 2021 een aus der Zäit gefaalene Krittär. Laut dem Reformprojet soll de Contenu an d’Unzuel vun de professionelle Journalisten déi dësen ausschaffen entscheedend sinn – a priori eng gutt Approche.

Den neie Gesetzesprojet gesäit zwou Zorte vu Finanzhëllefe vir. Eng « Aide à l’innovation », déi trotz deem fashion Titel, nun mol guer näischt mat Innovatioun ze dinn huet an näischt anescht ass ewéi eng Basis Ënnerstëtzung vun 200.000, – €. Eng Zomme déi grosso modo all Presseorgan kritt dat eng Equipe vu Minimum 5 professionelle Journaliste beschäftegt an eng Publikatioun eraus gëtt an enger Sproch déi vun au moins 15% vun der Populatioun geschwat gëtt.[11] Eng erfreelech Nouvelle ass heibäi eendeiteg dat fir d’éischte Kéier an der Lëtzebuerger Geschicht Publikatiounen a Portugisech an Englesch’er Sproch dës Hëllef ufroe kënnen, wat fir d’Meenungsbildung zu Lëtzebuerg zwéngend noutwenneg ass.

Allerdéngs ginn dës Hëllefen « dans la limite du budget »[12] ausbezuelt, sou dat wann méi Presseorganer kenne vun der Hëllef profitéieren, de Gesamtbudget net an d’Luucht wäert musse goen, mee de Kuch einfach duerch méi Partië gedeelt wäert ginn. Ënnert dem Stréch bedeit dëst op laang Siicht manner Ënnerstëtzung pro Presseorgan. Dëst ass genau déi Imprevisibilitéit déi d’Presseorganer aktuell net brauchen, an dës onnéideg Limite sollt aus dem Gesetzesprojet gestrach ginn.

Déi zweet Hëllef ass eng « aide à l’activité rédactionnelle » déi 30.000, –  € pro Journalist pro Joer ausmëscht[13], wat 2.500, – € pro Mount sinn. Dëse Montant gëtt net un d’Journalisten ausbezuelt, mee un d’Medienhaiser an et ass ongewëss ewéi vill vun deenen 30.000, – € am Endeffekt bei de Journalisten ukommen. Am Commentaire des articles vum Gesetzesprojet heescht et zwar « le montant n’est pas à interpréter comme une contribution au, ni comme une détermination du, salaire du journaliste »[14], mee awer wäerten d’Salairen vun de Journalisten sech un deem Montant orientéieren. D’Editeure vun de Lëtzebuerger Medienhaiser schreiwen heizou selwer, a Sie mussen et jo am beschte wëssen : « Un mécanise d’optimisation de l’aide pourrait consister à remplacer les journalistes expérimentés, aux salaires plus élevés, pars des journalistes débutants, moins bien payés »[15].

An den méi klengen Online- oder Printmedie läit den Duerschnëttssalaire aktuell bei em déi 35.000 € pro Joer. Den néie Verdeelungsschlëssel och wann en de Journalist explizitt als Verdeelungskritär erwäänt wäert och näischt dozou bäidroen dat méi Sue beim Journalist ukommen, well de Gesamtmontant vun den Ënnerstëtzungen, dat ee Medienhaus kritt, net substantiell an d’Luucht geet. D’Salairen si wuel am Endeffekt, geschëlt duerch déi ausuferend Logementskäschten hei zu Lëtzebuerg, eng Explikatioun firwat sech aktuell wéineg jonk talentéiert Leit fir de Beruff vum Journalist begeeschteren. Een Zeechen heifir ass kloer dat d’Unzuel vu professionelle Journalisten tëschent 2015 an 2020 vun 240 op 189 zeréck gaangen ass[16], an no de rezenten Entloossunge weider zeréck wäert goen. Duerfir sollt dee Montant, esou ewéi et am initialem Projet och virgesi war[17], op 55.000, – € pro Joer pro Journalist erhéicht ginn, gebonnen un eng Konditioun déi sécherstellt dat ee Minimum heivu bei de Journalisten ukënnt.

Eigentlech sollt d’Gesetzespropose de Mediepluralismus fërderen. De Reformprojet gesäit awer vir, dat ee fir kënne vun de finanziellen Ënnerstëtzungen ze profitéieren, Minimum 50% vun den Ënnerstëtzunge vum Staat als éischt mol selwer verdénge muss. Eng Konditioun déi der Realitéit net ugepasst ass, ewéi d’Journalisten, a Sie mussen et wëssen, an hirem Avis schreiwen : « Compte tenu des comptes annuels actuels des éditeurs, cette condition additionnelle risque de devenir plutôt une entrave à l’aide étatique qu’une amélioration de leur situation financière actuellement d’ores et déjà précaire »[18]. Virun allem déi méi kleng Medie wäerten hei Problemer kréie fir dëse Krittär ze erfëllen, an et sinn awer grad Sie déi de Mediepluralismus hei zu Lëtzebuerg ausmaachen. Am Endeffekt ass dës onadaptéiert Limite dann iergendwéi just nach d’Konsequenz vun engem Text deen zwar gutt gemengt war mee schlecht geschriwwen ass, well et un Kommunikatioun mam Terrain gefeelt huet !

En weidere roude Fuedem vum Gesetz ass et fir d’Pressehaiser méi an dat Digitalt ze drécken, an d’Ënnerstëtzung vum traditionellem Support, dem Pabeier, ze léisen. De Gesetzesprojet encouragéiert quasi d’Editeure fir vun Haut op Muer de Print anzestellen a komplett Online ze goen. Dat awer Online wäitaus manner Akommes duerch Publicitéite ka regeneréiert ginn, d’Konsumente manner bereet si fir Online Contenu ze bezuelen ewéi se dës fir Print gewëllt sinn, d’Reform also an deem Aspekt näischt un der Prekaritéit vun der Presselandschaft ännert, sinn Aspekter déi bis elo an der Diskussioun komplett ignoréiert goufen.

Mee eng héich qualitativ pluralistesch Press gëtt et eben net zum Nulltarif, dat sollt eis alleguer kloer sinn !

Journalisten déi um Existenzminimum musse liewen, Medienhaiser déi vu Mount zu Mount kucken, deenen Annoncen ewech briechen an déi ëm d’Iwwerliewe struewelen… et ass dës ekonomesch Réalitéit déi eis villfälteg Presselandschaft lues awer sécher verschwannen doen. Mee ouni eng pluralistesch, onofhängeg, fräi Press ass d’Pressefräiheet net méi dee wichtege Baustee vun enger demokratescher Gesellschaft déi se muss sinn. Duerfir musse mir sécherstellen dat d’Press och an d’Zukunft d’ekonomesch Fräiheet huet dat ze schreiwe wat muss geschriwwe ginn. Ewéi de Louis TERRENOIRE, fréiere franséische Medieminister et treffend sot :

« La presse doit avoir la liberté de parler de tout,
pour que certains n’aient pas la liberté de faire n’importe quoi ».


[1] « Der heitere Kammerbericht », D’Lëtzebuerger Land, 20. Mai 1966.

[2] D’Lëtzebuerger Land, 13 Januar 1967, S.1.

[3] Z. Bsp. d’Schëfflenger Buergermeeschtech Astrid LULLING am « Fréihét a Fortschrëtt » ; D’Lëtzebuerger Land, 11. Mai 1973.

[4] René HENGEL, 15. November 1972 an der Chamber.

[5] Esou een ähnleche System gouf 1972 an Holland agefouert.

[6] Jean-Marie MEYER, « Unverschämt », d’Lëtzebuerger Land, 6 Februar 1976.

[7] Projet de loi relatif à un régime d’aides en faveur du journalisme professionnel et abrogeant la loi modifiée du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite, Doc. parl. N°7631 S.2.

[8] Avis de l’Association luxembourgeoise des Médias d’Information, Doc. parl. N°7631/2, S.4.

[9] Leo KIRSCH, « Pressehilfe als Bidlungsfaktor », d’Lëtzebuerger Land, 14 Februar 1975.

[10] Zanter dem Règlement du Gouvernement vum 13 Januar 2017 kennen Online-Medien 100.000 Euro pro Joer Ënnerstëtzung kréien (Krittären: 200.000 muss een ausginn, 2 Journaliste beschäftegen, all Aarbechtsdag au moins 2 Publikatioune produzéiert). 2019 konnten folgend Siten dës Ënnerstëtzung kréien : contacto.lu, delano.lu, lequotidien.lu, lessentiel.lu/de, lessentiel.lu/fr, paperjam.lu, reporter.lu, tageblatt.lu, wort.lu/de, wort.lu/en, wort.lu/fr, woxx.lu ;

Règlement du Gouvernement en conseil du 13 janvier 2017 concernant l’introduction d’un régime de promotion transitoire de la presse en ligne.

[11] Article 3 Projet de loi N°7631.

[12] Article 16 Projet de loi N°7631.

[13] Article 4 (2) Projet de loi N°7631.

[14] Projet de loi relatif à un régime d’aides en faveur du journalisme professionnel et abrogeant la loi modifiée du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite, Doc. parl. N°7631 S. 12.

[15] Avis de l’Association luxembourgeoise des Médias d’Information, Doc. parl. N°7631/2, S. 5.

[16] Avis du Conseil de Presse, Doc. parl. N°7631/07, S.2.

[17] Avis de l’Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels, Doc. parl. N°7631/5, S.7.

[18] Avis de l’Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels, Doc. parl. N°7631/5, S.9.

You Might Also Like