Ried Kongress 5. März 2022
Léif Komerodinnen a Komeroden,
Wat an der Ukraine grad geschitt, ass schwéier a Wierder ze faassen.
Zanter dem 24. Februar, féiert de Putin en Ugrëffskrich géint d’Ukraine a bombardéiert do och d’Zivilbevëlkerung. Während en d’Mënschen an der Ukrain ofschluechte léisst, regéiert hien säin eegent Land als Despot a léisst Ligen uechter d’ganz Welt verbreeden.
Der Barbarei vum Krich musse mir, staark ekonomesch Sanktiounen entgéint stellen, an – jo kloer – déi wäerten och en Präis fir eis hunn. Awer dat mussen eis d’Demokratie an déi fundamental Menschenrechter wäert sinn!
An dësen schweieren Stonnen, wou dat onvirstellbart geschitt, kennt et op Solidaritéit an Haltung un, zwou sozialistesch Grondtugenden, déi ëmmer wann een an d’Geschicht kuken geet, d’Handelen vun Sozialisten ausgezeechent hunn. Ech denken un de Robert Krieps, deen als jonke Mënsch mat sengem Papp zu Dachau souz an 1969 – nom Nidderschloen vum “Prager Frühling” – op eegen Initiative (als Président vum “Comité de solidarité avec la Tchéchoslovaquie”) dem Square Jan Palach säi Numm ginn huet.
Am Kontext vun haut muss een awer och bemierken, dass – wat ganz vill Lëtzebuerger rosen gemat huet – d’Begrëffer Solidaritéit an Haltung awer op kee Fall op d’Handelen vun zwee Ex-Ministeren passen, déi grad dëst an den leschten Deeg vermësse gelooss hunn:
- Si sutzen joerelaang an Conseil d’Administratiounen gesponsert vun engem russeschen Oligarch. Déi Oligarchen sinn näischt anescht wéi Kleptokraten, deenen Demokratie an Emwëlt komplett egal sinn. Déi d’russesch Vollék mat Hëllef vum Putin beklaut hunn an hire gestuelene Fric am Westen verstoppen, wou se mat hire Yachten a Privatjeten tëscht London an der Côte d’Azur hin an hir gondelen.
- Di zwee Ex-Ministeren hu leider äusserst spéit démissionéiert, nodeems di meescht aner Ex-Politiker hinnen et eigentlech scho laang virgemach haten.
- An hirer Demissioun verléiere si dann och nach kee Wuert iwwert deen verbriechereschen Ugrëffskrich, obwuel aner Demissionären deen an hiren Erklärungen kloer an explizit veruerteelt hunn. Hir ëffentlech Stellungnahm ass esou geschriwwen, dass ee mengen kéint: do léisst een sech eng Dier op, fir séier erëm dobäi ze sinn, wann d’Situatioun sech berouegt huet.
Eng Aktioun déi Solidaritéit an Haltung beweisst an vill Leit beweegt huet, ass par contre an engem Video festgehaalen ginn. Et gesäit een am Ufank vun deem Video eng 80-jähreg, gebriechlech Fra, d’Madame Elena OSIPOVA. Sie steet an der St. Petersburger Nuecht mat zwee Plakater, déi bal sou grouss ewéi si selwer sinn an protestéiert domat géint den Krich a fir de Fridden. Et huet net laang gedauert an déi eeler Damm ass vun der russescher Police verhaft ginn… et war eng duerchaus beweegend Szene, déi keen deen se gesinn huet kaal gelooss huet. A Russland sinn entretemps iwwer 6000 Leit verhaft ginn, déi fir Fridden an Demokratie demonstréiert hunn.
Dat ass wat Solidaritéit an Haltung ass, an och dat ass et wat een duerchaus vun Ex-Mandatären vun dëser Partei hätt verlaange kënnen a sollen, an et ass fir sech ze schummen wann eng 80-jähreg Fra an Russland ënnert Liewensgefor méi Haltung fäerdeg bréngt, ewéi di zwee Ex-Ministeren, beim Verfaassen vun hirem läppesche Communiqué. Dat soll hei op eisem Kongress och ganz däitlech gesot ginn. An ech si mer sëcher, dass dat och d’Meenung vun der ganzer Partei ass. D’Francine an den Dan kënnen eis dat sécher bestätegen.
Awer de Kongress denkt haut virun allem un dat onmënschlecht Leed dat de Putin iwwert d’Leit an der Ukrain bréngt. Mir denken donieft och un d’russesch Zivilgesellschaft, déi sech géint dem Putin seng Politik wiert an dofir an de Prisong kënnt.
No dësem Krich, kann et keen zeréck zu eisen Relatiounen mat Russland ginn ewéi virdrun.
- dat onjustifizéiert Iwwerrennen an Bombardéieren vun engem demokrateschem Staat,
- den Asaz vu Streebommen,
- d’Bombardementer vun zivile Wunnbezierker,
- d’Ugrëffer op eng Atomzentral,
- d’Aspären vu russeschen Friddensaktivisten an Dissidenten…
all dës Ongerechtegkeeten, mussen als éischt vum internationalem RECHT sanktionéiert ginn, ei et en zeréck kann ginn…
Den Konflikt huet och Lëtzebuerg nach eng Kéier virun Aen gefouert dat et seng Wirtschafts- an Finanzpolitik hannerfroen muss, an se nach méi strikt op demokratesch Grondwäerter a Mënscherechter ausriichten muss. Suen a Profit alleng si keng nohalteg a moralesch Ziler fir d’Wirtschafts- Finanzpolitik vun eisem Land. Esouvill Selbstrespekt muss sinn.
Mir kennen als Land net den Verdeedeger vun den Mënscherechter an der Welt sinn, fir deen mir eis gären ausginn, wa mäer mat Krichsdreiwer an Autokraten Handelsbezéiungen heegen an fleegen, hier fossil Energie gären opkafen an hier Krichsdreiwerei sou matënnerstëtzen; dëst ass näischt aneschters ewéi bëllegen Selbstbedruch.
Grad mir Lëtzebuerger mussen jo, aus eiser eegener Geschicht eraus, verstoen, wat et heescht wann d’Existenz vun engem demokrateschem Land a Fro gestallt gëtt, an duefir sollen mäer déi onprovozéiert russesch Aggressioun op dat schäerfst veruerteelen an der Ukraine eis Solidaritéit an dësem Konflikt zousécheren, an dëst ass d’Quintessenz vum Mike an menger Resolutioun an duefir bieden mir iech se ze ënnerstëtzen.
Komm mäer beweisen Haut Solidaritéit an Haltung an huelen dës Resolutioun un!
Hei ass d’Resolutioun: