Rieden

100. Joer Robert KRIEPS

Discours 100e anniversaire Robert KRIEPS

Léif Alleguerten,

Déi politesch Froen, respektiv d’Problemer déi Haut un eis Jonker erugedroe gi – ewéi zum Beispill déi international Klimakris, déi national Logementskris, déi onsécher international geopolitesch Lag mat Krich an der Ukrain a strengen autokratesche Regimmer a Russland an a China – treffen eis natierlech nach net esou direkt ewéi dee jonke Robert KRIEPS an den 1930er an 1940er Joren vun den deemolgene Problemer getraff gouf, a wou hie selwer an de KZ’er Natzweiler-Struthof an Dachau um eegene Leif erlieft huet wat et heescht wann d’Menschenwürd mat Féiss getrëppelt gëtt, a Mënschen d’Recht oferkannt gëtt Mënsch ze sinn.

Mee d’Zäite fir d’Demokratie sinn erëm méi schwéier a mir brauche politeschen Engagement.

Duerfir ass d’Schlussfolgerung déi de Robert KRIEPS aus dem Erliefte gezunn huet, an déi mir grad héieren hunn, wuel déi selwecht déi Haut vill Jonker aus den aktuelle Systemkrisen zeien :

« Am beschten huet een sech em d’Politik ze bekëmmeren, well d’Politik bekëmmert sech ëmmer em een selwer,
wann een se net hëlleft bestëmmen, et gëtt ee jiddefalls wäitgeent vun der Politik bestëmmt».

Ech kéint mär et elo einfach maachen, an als jonken Affekot einfach behaapten de Robert KRIEPS wier mäin Virbild, dräi weider Zitater virliesen a meng Ried wier fäerdeg…

Mee mat de Virbiller ass et ëmmer sou eng Saach. Meeschtens gëtt een hinne selwer net gerecht, heiansdo léist sech hiert Handele vun deemools net 1 zu 1 op déi aktuell Erausfuerderungen iwwerdroen.

Duerfir géif ech net soen dat de Robert KRIEPS ee Virbild wier, well einfach just en Bild ass oninteressant, wat mech vill méi interesséiert ass wat hie gesot a gemaach huet, well ee politesche Mënsch ass ee wou kommunizéiert an handelt.

Duerfir si souwuel seng Texter ewéi säin Engagement eng Inspiratiounsquell fir och aktuell néideg Verännerungen unzegoen, an dat weillt ech gären un Hand vun 3 Beispiller ënnermaueren:

1. A Punkto politescht Engagement.

De Charakter vun engem Politiker weist sech seelen am Moment vun der freedeger Victoire, mee éischter am Moment vun der batterer Néierlag.

De Robert KRIEPS hat méi der politescher Néierlagen, mee hien huet ni d’Bengele bei d’Tromm geheit an nach vill manner säi politesche Kompass verluer.

1964 gouf de Robert KRIEPS eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt. 1968 gouf hien awer net méi zeréck gewielt, an huet onerwaart säi Mandat verluer.

No dëser besonnesch batterer Néierlag, sot hien am Interview mam Lëtzebuerger Land:

« Ich weigere mich (…) meine berufliche Tätigkeit und mein Privatleben restlos einer fragwürdigen Beliebtheit zu opfern. Ich bin eben dagegen, dass sich Politiker nach dem deutschen Spruch « Meier ist auf jeder Feier » bei jeder Einweihung produzieren müssen nur um gewählt zu werden. Es muss sich heraustellen, ob der Wähler eine ehrliche politische Arbeitsleistung geringer honoriert, als Jovialität und äußeres Auftreten ».[1]

D’Meier op der Feier ginn et Haut nach ëmmer. Zu hinnen huet sech am Social Media Zäitalter awer och den iwwerflächleche politesche sozial Media Bloger gereit, deen sech ouni politesche Profil probéiert als « Politiker » ze inzenéieren.

Eng gesond Kommunikatioun ass Bestanddeel vu politeschem Engagement; an de Robert KRIEPS war och net grad schlecht a Punkto Kommunikatioun ewéi seng knackeg a pointéiert Zitater beweisen.

Selbstduersteller déi just hier Profilfoto op de Social Media verännere kënnen, fir eis Gesellschaft awer keng Verännerungsvirschléi am Gepäck hunn, sollten awer an dësen héich komplexen Zäiten net iwwerschätzt ginn.

Villméi brauche mär an dësen Zäiten eng serieux politesch Offer déi d’Erausfuerderunge vun dëser Zäit net einfach begleet, mee se ugeet an sech hinne stellt.

Eng Viraussetzung dat dëst gelénge kann, ass déi zweet Léier déi ech aus dem Robert KRIEPS sengem politeschem Engagement zéien, mär brauchen:

2. Eng Bildung déi Kultur an Ökologie als Haaptbestanddeel huet an déi sozial Fro net vergësst:

Vun 1974 bis 1979 war de Robert KRIEPS Educatiounsminister, 1980 huet hien dunn eng Aart Bilan gezunn.

Ënnert dem formidabelem Titel « Je ne regrette rien »[2]  – wat alt erëm dem Robert KRIEPS seng catchy Kommunikatiouns-Skills ënnersträicht, ewéi een Haut géif soe – beschreift de Robert KRIEPS déi zwou ennerschiddlech Vuen déi et a Punkto Bildung ginn :

« Les uns (…) estiment que l’enseignement doit en premier lieu former des hommes et des femmes aptes à assumer leur destinée et à réaliser pleinement les potentialités de leur personnalité.
Les autres (…) estiment que l’enseignement devrait produire des agents économiques utiles, faciles à insérer dans le processus économique. »[3]

De Robert KRIEPS huet den Ënnerscheed beschriwwen tëschent enger Bildung déi just « Professioneller » ervirbréngt, a wei een et Haut géif beschreiwen de Fokus op d’Employability leet, an enger Educatioun, bei deene Bildungsariichtungen als veritabel « école pour la vie » fungéieren, ewéi hien et ausgedréckt huet.

An Zäite vun enger komplexer Digitaliséierung, enger ausuferender Klimakris, internationale geopolitesche Krisen a Krich an Europa, déi an hirer Komplexitéit eis Gesellschaft virun disruptiv, fundamental Erausfuerderung stellen ; ass eng Bildung, déi just den Usproch huet « Leit fir den Aarbechtsmarché » – zu Lëtzebuerg wuel gréisstendeels fir de Finanzsecteur – auszebilden, wuel net méi op der héicht vun der Zäit.

Eng Bildung déi den Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert entsprécht, kann net méi eleng op Wëssensvermëttlung baséieren, mee muss op Kompetenzen opbauen, ewéi zum Beispill kritesch hannerfroen, verschidde Perspektiven ofweien, konstruktiv beschreiwen, interagéieren an experimentéieren.

Duerfir brauche mir, zu Lëtzebuerg erëm eng wierklech « école pour la vie », wou d’Schoul ëmmer en Uert ass, wou de Portmonnie vun den Eltere keng Rolle spillt, wou een d’Utensiler kritt fir sech dono als fräie Mënsch kënnen ze entfalen, an deen erëm zum soziale Lift gëtt, ee Lift deen et all de Schüler erlaabt d’Welt vum 21. Joerhonnert ze verstoen an sech konstruktiv anzebréngen.

Soulaang eisen Educatiounssystem eis ee Wirtschaftsmodell vermëttelt, an deem d’Limitte vun den natierleche Grenzen net dee fundamentale Rôle spillen, deen se nu mol spillen, sinn se net op der héicht vun der Zäit. Duerfir muss de Bildungssystem Bildung, Kultur an Ekologie als ee Ganzt ugesinn, an d’Ekologie muss een zentrale Bestanddeel souwuel vun der Kultur ewéi vun der Bildung sinn an dat dobäi déi sozial Fro nach ëmmer grondleeënd ass weess een net eréicht zanter dem leschte Bildungsbericht.

De Robert KRIEPS an den deemolegen Direkter vum Natur Musée, den Norbert Stomp, hunn dëst schonn an de 70er an an den 80er Joren erkannt. An Projeten ewéi zum Beispill dem PandaClub hunn Sie bewisen ewéi ee Kanner den Ëmgang mat, an hiren Impakt op d’Ëmwelt op eng spilleresch Aart a Weis bäibréngt, an hinnen ee kritescht Ausenanersetze mat der Ëmwelt vermëttelt.

Wat et awer sécher och an dësem 21. Joerhonnert nieft Politiker déi op der héicht sinn an enger ugepasster Bildung brauch, ass een ugepassten « Rechtskader ».

3. Le Droit, moteur ou frein du progrès dans une société moderne ?

Där Fro ass de Robert KRIEPS, an enger Konferenz am Joer 1979 nogaangen, an hien huet dozou gesot :

« Les juristes qui ont longtemps cru pouvoir gouverner le monde par des formules équilibrées et bien tournées se sentent débordés. (…) A mon avis, ils devraient faire leur examen de conscience et reconnaître qu’ils ont surestimé la valeur des structures juridiques issues du siècle des encyclopédistes et des tourments du 18e siècle. »[4]

Dat Juristen an Affekoten sech net iwwerschätze sollen, ass eng weider Aschätzung déi ech nëmmen deele kann.

D’Problemer vun Haut kenne mär net mat enger Rechtsphilosophie ugoen, déi aus enger Zäit staamt, an där souwuel déi privat Proprietéit ewéi och de mënschleche Profit iwwert der Natur ugesidelt goufen.

*

Zum Schluss, kann ech just soen, fir d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert unzegoe brauche mär méi ewéi een Robert KRIEPS.

Duerfir brauche mir virun allem Politiker a Politikerinnen, déi am Moment vun der Néierlag d’Bengelen net bei d’Tromm geheien an nach vill manner hire politesche Kompass verléieren.

An enger Demokratie brauch ee Bestännegkeet a keng Beliewegkeet, an op de Robert KRIEPS war verlooss, gouf hie gewielt dann huet hie geliwwert, an och duerfir denke mir Haut den Owend un dëse politeschen Aarbechter.


[1] Robert KRIEPS, Interview d’Lëtzebuerger Land « Abschied aus der Kammer », 27. Dezember 1968.

[2] Robert KRIEPS, « Je ne regrette rien », dans : APESS. Bulletin spécial 75e anniversaire, Grevenmacher (1980), n° 3 p. 41-44.

[3] Idem.

[4] Conférence de Robert KRIEPS organisée en janvier 1979 au Foyer Technique par l’Association Luxembourgeoise des Ingénieurs et Industriels, l’Association luxembourgeoise des Ingénieurs et l’Ordre des Architectes sur le sujet: « Les structures juridiques, obstacle ou moteur pour le progrès d’une société moderne ? ». Cf. Luxemburger Wort, 16 janvier 1979, article de Marc Turpel.

You Might Also Like