2012 hunn ech am Jongelycée zu Esch meng Première gemaach, ouni wierklech ee Plang ze hunn deen iwwer Lloret eraus gaangen ass. Duerch Zoufall a wéinst menger Onorgansiatioun sinn ech dunn am éischte Joer Droit op der Uni.lu gelant.
Eigentlech wollt ech dach Science Po studéieren. Elo Droit ? Keng Ahnung wat mech do soll genau erwaarden, schwéier soll et sinn..
Ee Choix par défaut, well alles mat Zuelen an Naturwëssenschaften net wierklech a Fro koum, huet mech zum Droit bruecht an ech hun eng Matière entdeckt déi mir Spaass gemaach huet.
No engem Erasmus op der Sorbonne zu Paräis, hunn ech dunn mäin Master am Droit pénal zu Aix en Provence gemaach. Mee studéieren huet mech iergendwéi weider interesséiert an et ass dunn nach ee Master op der Uni.lu an een zu London um King’s College derbäi komm.
Zanter 2019 schaffen ech elo als Affekot an enger klenger Etüde an der Stad.
Schonn am Lycée war ech ëmmer un der Aktualitéit interesséiert an wärend der Uni hunn ech dunn meng Leidenschaft um schreiwen a virun allem um kommentéiere vun der politescher Aktualitéit entdeckt.
Op dësem Block wëll ech meng Texter an Iwwerleeunge sammelen a mat iech deelen.
Bonne lecture!