Den Télétravail, respektiv Home-office war stënterlech Realitéit ginn. Och wann en aus der Nout gebuer gouf, huet sech domat bewisen dass aner Aarbechtsmodeller duerchaus méiglech sinn. Elo musse mir en ausbauen a verbesseren, an net schnurstracks an déi üblech Aarbechtsofleef zeréckfalen.
Amplaz eng Stonn Moies um Aarbechtswee ze verbëtzen, war een an null Komma nix vum Kaffisdësch um Büro. Keen Stau respektiv kee Gedrecks am Zuch, Laptop op Internet un, a scho konnt ee mat der Aarbecht lassleeën. Een däitlech méi entspaante Start an den Dag. Och Owes, wann ee mol bis 19h15 geschafft huet, war een um 19h20 schonn op der Laafronn ; ouni stressegen Heemwee konnt d’Motivatioun och net op dësem verluer goen.
Wäit iwwer d’Hallschent vun de Salariéen hunn wärend der Coronakris vun Doheem geschafft[1]. Laut enger STATEC Ëmfro war den Télétravail fir eng grouss Majoritéit vun de Leit eng positiv Erfarung. Mee et war eng extrem kuerz Experienz, an ei een elo ee Recht op Télétravail fuerdert, muss een och längerfristeg Studie mat abezéien an déi méi negativ Aspekter beliichten, well bekanntlech ass net alles Gold wat op den éischten Abléck glänzt.
Laut enger Etüd vun der Chambre des salariés aus dem Joer 2017[2], hunn Leit déi komplett op den Télétravail zeréckgräifen, méi Problemer eng anstänneg Work-Life Balance hinzekréien, an doduerch méi oft ee Burnout. Dat et extrem schwéier fält ee kloren Cut zweschen dem Aarbechts- a Beruffsliewen hinzekréien ass eng Tatsaach déi sécher och deem een oder aneren no de leschte Woche bekannt virkennt. Am Homeoffice schafft een zwar souwuel ëfters manner, mee och genau esou oft méi ewéi 40 Stonnen ; och dëst en Resultat vun der Etüd vun der Chambre des salariés dat deen een oder aneren net iwwerraschen wäert.
Doriwer eraus stellen sech eng ganz Rei weider Froen zum Télétravail :
– Wéi kann ee sécherstellen dat den Homeoffice souwuel fir de Patron, ewéi fir de Salariée attraktiv ass ?
– Wéini däerf de Patron bei een Heem kontrolléiere kommen ?
– Vun wéini bis wéini muss de Salariée erreechbar sinn ?
– Kréie Leit am Homeoffice déi selwecht Primen ewéi déi Leit déi um Büro schaffen ?
Alles Problemer a Froen, déi een duerch déi grouss Experienz déi een elo déi lescht Woche gesammelt huet, nach besser evaluéiere kann an och muss. Esou eng Evaluatioun wier een éischte Schrëtt, fir een ideale gesetzleche Kader ze schaffen, fir déi positiv Erfarunge vum Télétravail an d’Post Corona Aarbechtswelt matzehuelen, an konstatéiert Schwächte fréizäiteg ze eliminéieren.
An Zukunft dierf den Télétravail keng Optioun méi sinn, mee muss als wichtege Schrëtt an d’Richtung vun enger nohalteger Gesellschaft betruecht ginn. Duerfir brauche mir eng beschtméiglech Reegelung vum Télétravil. Mee esou eng Reegelung kann net eleng vum Legislateur ausgeschafft ginn. Duefir ass et wichteg dat d’Gewerkschaften, d’Patronatsvertrieder, an d’Politiker sech ewéi Erwuessener ronderëm een Dësch setzen an eng gemeinsam Léisungen ausschaffen déi all Awunner a Salariéen ze gutt kënnt, ouni dobäi weider artifiziell Verléierer ze schaffen, well d’Coronakris huet der scho genuch produzéiert.
[1] Statnews N°15, 19 mai 2020, STATEC
[2] CSL, Newsletter N°4/2020, 18 mai 2020 « Les différentes formes de télétravail et leur impact sur la qualité de vie au travail et le bien-être des salaires »