Vum 12. bis de 15. Mäerz war zu Cannes de „Marché international des professionnels de l’immobilier“, kuerz Mipim genannt. Och Lëtzebuerg war mat enger Delegatioun vu 400 Leit op dëser Ausstellung vertrueden. Vun Affekoten, iwwer Promoteuren, bis hin zu Politiker waren all déi wichteg Acteuren, oder déi di mengen, et ze sinn, bis op Cannes gepilgert.
Am „Luxemburger Wort“ vum 14. Mäerz hält de Carlo Thelen, President vun der Lëtzebuerger Chambre de commerce, sech nach bedeckt, wat de Sënn an Zweck vun dëser Rees ugeet. „L’important est de montrer aux investisseurs étrangers l’éventail des différents corps de métier qui représentent le secteur immobilier luxembourgeois“.
Am Héichglanz-„Paperjam Plus spécial Mipim“ sinn d’Journalisten da scho méi kloer a schreiwen: „Pour les opérateurs, le Mipim doit aussi servir de caisse de résonance pour faire entendre l’intérêt d’investir au Luxembourg.“
D’Rees op Cannes war also virun allem eng Promotiounsrees, fir weider nei Investisseuren ze begeeschteren an an deen souwisou schonn iwwerhëtzte Lëtzebuerger Immobiliemarché ze investéieren.
D’Begeeschterung vun dësen Investisseuren, fir an ee Marché ze investéieren, wou d’Präisser all Joer ëm sechs Prozent an d’Luucht ginn, dierft net allze kleng sinn, an domat dierft d’Rees sech am Endeffekt och a puncto Business gelount hunn.
Verwonnerlech ass allerdéngs, datt knapps 14 Deeg no der Virstellung vun der Liser-Etude „Panorama de la situation du foncier au Luxembourg“ dësen Deplacement keng weider grouss Welle geschloen huet.
Déi genannte Liser-Etude huet eis gewisen, datt elo schonn 160 Leit e Véierel vum Wäert vun den Immobilien hei am Land besëtzen. De Lëtzebuerger Immobiliemarché ass also kloer een Oligopol, wou ee Grapp voll Leit d’Offer an d’Präisser kontrolléieren. Dës Leit hunn och absolument keen Intérêt, datt d’Präisser iergendwann eng Kéier, am Sënn vun der Allgemengheet, erofginn.
Et ass dës Konzentratioun vun dem Immobiliewäert a wéinegen Hänn, verbonne mat der Präisstéigerung vu sechs Prozent all Joer, déi dozou féiert, dat ëmmer méi Leit an d’Peripherie vum Land verdrängt ginn, oder carrément mussen an d’Ausland wunne goen.
Duerch esou Promotiounsreesen op Cannes, fir nach méi Investisseure fir de Lëtzebuerger Marché ze begeeschteren, gëtt d’Präisssteigerung net gestoppt, mee, ganz am Géigendeel,weider ugedriwwen!
Dëst ass schued, well Lëtzebuerg kéint eigentlech ee Land vun de kuerze Weeër sinn. Mee fir ëmmer méi, virun allem jonk Leit, gëtt et ee Land vun de laange Weeër. Dëst gëllt besonnesch fir de Wee op d’Aarbecht (den dagdeegleche Stau léisst gréissen), well vill Leit sech einfach keng Wunneng méi an der Géigend vun hirer Aarbecht leeschte kënnen.
Amplaz zu Cannes nei auslännesch Investisseuren unzelackelen, hätt ee besser als Land iwwer eng raisonnabel Besteierung vun auslänneschen Investissementer am Logement nozedenken, fir esou d’Präissteigerung ze bremsen, amplaz se weider unzedreiwen.
Fir eisen nationale Wunnengsnoutstand an de Grëff ze kréien, musse mir ëmdenken, fräi no der Franséischer Revolutioun:
„Il faut raccourcir les géants et rendre les petits plus grands.“
Wort: https://www.wort.lu/de/politik/yes-we-can-nes-5c98cbfcda2cc1784e3408f0