Schonn 2003 gouf aktiv iwwer eng Scheedungsreform nogeduecht. Elo eng gutt 15 Joer méi spéit, kënnt dann déi grouss „Joerhonnertreform“ vum Familljerecht. Nieft der prozeduraler Vereinfachung, déi duerch d’aféiere vum Familljeriichter soll erreecht ginn, gëtt et awer ee Punkt an der Reform, dee vill Froen opwäerft.
Duerch d’Ëmännerung vun den Artikelen 1007-50 vum Nouveau code de procédure civile an 378-2(2) vum Code civil, kënnen d’Kanner sech selwer direkt un de Familljeriichter adresséieren, fir eng Modifikatioun vun der Autorité parentale oder vum „Droit de visite et d’hébergement“ unzefroen. Et ass wichteg a richteg, datt d’Meenung vun de Kanner, an esou engem fir Kanner kruzial wichtege Prozess mat abezu gëtt, wëll nëmmen esou kann eng ideal Léisung am Intérêt vum Kand fonnt ginn.
Op den éischte Bléck ginn duerch dës Reform d’Rechter vun de Kanner also gestäerkt. Et schéngt eng formidabel Innovatioun, déi soss néierens op der Welt existéiert, a géint déi keen eppes sollt anzewenden hunn. Leider ass dëse Punkt vun der Reform awer nët gutt bis zu Enn duerchduecht. De Fait, datt d’Kanner selwer kënnen d’Prozedure beim Riichter lancéieren, léisst d’Kanner zum Spillball vun den Intérête vun hiren Elteren an esou enger Prozedur ginn.
Continue Reading