Browsing Category

Bildung

Articles Bildung Politik

Pressehëllef 2.0.:
Grouss Ukënnegung, Wéineg Inhalt

E Kommentar zur Pressehëllef.

Eng pluralistesch Medielandschaft erlaabt Meenungsbildung a virun allem Meenungsaustausch. Et kann een net nëmmen seng eege Meenung duerch néi Argumenter ausbauen, nee virun allem kann een se ëmmer erëm kritesch hannerfroen an dobäi aner Meenunge besser verstoen an novollzéien ; ouni se mussen ze deelen. Dëse fir eng Demokratie fundamentale Meenungsaustausch setzt awer eng fräi villfälteg Press viraus, déi net nëmmen d’Noriichte blann kommunizéiert, mee kommentéiert, anuerdent an informéiert – an domat eng Käraufgab an eiser Demokratie iwwerhëlt.

D’Lëtzebuerger Presseorganer deelen sech dobäi een iwwersiichtleche Marché mat wéineg potentielle Clienten an d’Sproch an där dës potentiell Cliente gäre liesen ass dobäi ganz ënnerschiddlech. D’Annoncengeschäft hellt säit Joren of, an sech eleng op dës ze verloosse géif op kuerz oder laang och der Pressefräiheet schueden ; well kann ee Presseorgan wierklech vis-à-vis vu senge Geldgeber kritesch an onofhängeg si wann säin ekonomescht Iwwerliewen um Spill steet ?

Continue Reading

Articles Bildung

Déi bescht Enseignante fir eis Kanner

Am Communiqué vum 25. Juli 2018 huet den Educatiounsministère sech selwer félicitéiert 459 nei Enseignante fir d’Rentrée am September rekrutéiert ze hunn. Ausser, datt Selbstluef wuel déi déifste Form vu Luef ass, stéisst dës Nouvelle aus engem weidere Grond nach ferm erop.

Ënnert deene 459 neien Enseignante sinn 145 Leit, déi ee Bachelor-Diplom hunn, deen „en relation avec les objectifs de l’enseignement fondamental“ soll stoen. „Ces derniers sont diplômés respectivement en psychologie, pédagogie, éducateur gradué (29), en langues (38), en sports/arts (22) ou autres (56).“ 145 Leit also, déi net d’Ausbildung hunn, fir dem Beruff vum Enseignant nozegoen, an et awer ab September wäerte maachen! 

Continue Reading

Articles Bildung

“Hurra, die Schule brennt!”

Oppenen Bréif un den Minister Meisch

Monsieur le Ministre,

Ënnert ärer Virgängerin, déi Gottseidank an Tëschenzäit politeschen Exil ze Bréissel an Stroossbuerg fonnt huet, hunn eng Réi katastrophal Reformen an Zoustänn schonn hiren Laf geholl. Ënnert dem Afloss vum ufänglechen GAMBIA Elan hat ech gehofft dat dir déi Feeler géift erkennen an behiewen, mais leider sinn meng Hoffnungen ënnert anerem an der Bildungspolitik ferm enttäuscht ginn.

D’Schoulzäit ass eng immens flott an intensiv Zäit, déi di jonk Léit op hier Zukunft an hiert spéidert Liewen virbereet. Desweideren huet eisen Schoulsystem sech ëmmer duerch seng Diversitéit ausgezeechent. Och wann een sech am Lycée dacks iwwer den Sënn an Zweck vun verschidden Fächer opgereegt huet, muss een awer mam neideschen Recul agestoen dat een en breet gefächert Wëssen vermëttelt krut an gutt op d’Uni virbereet ginn ass.

Ganz besonnesch houfreg muss een op den Fait sinn, dat een ganzer dräi Sproochen am Enn vun sengem Schoul-Zyklus bal perfekt beherrscht. Leider gëtt dës Méisproochegkeet, zanter enger Réi Joren, ëmmer méi a Fro gestalt, an gëtt neméi als dat ugesinn wat se dach ass, een eenzegaartegen Räichtum.

Continue Reading