D’Steierstrategie déi säit den Ufanks 2000er eisen Wunnengsnoutstand soll andämmen, verschäerft dësen nëmmen!
“Die Grundstückpreise (..) steigen in einem Maße, dass es nicht zu verantworten ist, diese Gewinne unversteuert in die Taschen einiger fließen zu lassen.”[1] Eng Ausso vum däitschen Politiker Franz Josef Strauß déi Haut 50 Joer méi spéit zu Lëtzebuerg wéi d’Fauscht op d’Aen passt.
Och zu Lëtzebuerg explodéieren virun allem d’Präisser vum Bauland. Luch den Medianpräiss vum Bauland pro Ar am Joer 2010 nach bei 43.535 €, sou war dësen 2017 schonn bei 65.521 €. Eng Präissteigerung vun 50 % innerhalb vun nëmmen 8 Joer.[2] Deen aneren decisiven Facteur fir den Präis vun den Wunnengen, d’Baukäschten, sinn an der selwechter Period just em 14 % geklommen[3]. Déi decisive mënschlech Aktivitéit fir d’Erriichten vun engem Haus, d’Bauen vum Haus, ass also nëmmen onwesentlech méi deier ginn. Déi dreiwend Kraaft vun der Explosioun vun den Logementspräisser ass also soumat kloer deen artifiziell definéierten Präis, deen een muss fir d’Stéck Land berappen op deem soll gebaut ginn.