Esou lues an lues huet all Kandidat säin Hutt fir den 14. Oktober an d’Manège gehäit, an mir wëssen wei eng Käpp zur Wal stinn. E puer Kandidaturen zéien esou muench Verännerung an den Kandidaten hirem Beruffsliewen mat sech.
Articles
Zivilprozesser gewannen an awer op den Affekotskäschte sëtze bleiwen: Muss dat sou sinn? Mir kennen et aus de Filmer, nom gewonnene Prozess läit d’”Partie gagnante” sech an den Äerm a kann no enger laanger, emotional ustrengender Zäit erëm zur Rou kommen!
Zu Lëtzebuerg gëtt et an der Regel awer een Ëmstand, deen d’Erliichterung no engem Zivilprozess belaascht an och dozou féiert, datt d’”Partie gagnante” sech och ganz dacks als finanzielle Verléierer fillt. Gewënnt een zu Lëtzebuerg säin Zivilprozess, bléift een op sengen Affekotskäschte sëtzen. Beschtefalls accordéieren d’Riichter engem e partielle Remboursement, deen net méi wéi ee ridicule klenge Montant vun de Käschten deckt.
Een onglécklechen Ëmstand, deen net misst sinn a fir dee schonn zanter Joerzengten eng adequat Gesetzgebung existéiert.
Et ass schonn paradox: objektiv gekuckt hunn mir eng gutt, voire excellent, wirtschaftlech Lag, 3-5% Wuesstem pro Joer an d’Aarbechtslosegkeet ass och während der leschter Legislaturperiod zeréck gaangen. An awer hunn d’Léit dat subjektivt Gefill dat et net op Dauer esou weider wäert goen.
Kuerz, och zu Lëtzebuerg, gëtt et eng reell Angscht virum sozialem Ofstig an generell virun der Zukunft. Dës Angscht muss een eescht huelen an offen doriwwer schwätzen.
D’Zukunft wäert, duerch d’Globalisatioun an d’Digitalisatioun, ëmmer méi komplex ginn, sou dat konkret politesch an gesellschaftlech Visiounen mussen ausgeschafft ginn, fir der Gesellschaft als Kompass ze déngen.
Den Moien (12. Januar) wei ech d’Madame Viviane Reding an der Sendung „Invité vun der Redaktioun“ op RTL gelauschtert hunn, ass mir bal meng Kachkéis-Schmier am Hals stiechen bliwwen.
Datt déi meescht Parteien an deene leschten Deeg betount hunn, datt et keng Incompatibilitéit tëscht nationalem a lokalem Mandat gëtt, kann a mengen Aen nach novollzéibar sinn. Eng grave Incompatibilitéit besteet fir mech notamment bei engem aneren Duebelmandat, iwwer dat an der Ëffentlechkeet leider guer net geschwat gëtt. Dëst ass d’Duebelmandat vum Staatsrotsconseiller an dem Gemengeconseiller.
Oppenen Bréif un den Minister Meisch
Monsieur le Ministre,
Ënnert ärer Virgängerin, déi Gottseidank an Tëschenzäit politeschen Exil ze Bréissel an Stroossbuerg fonnt huet, hunn eng Réi katastrophal Reformen an Zoustänn schonn hiren Laf geholl. Ënnert dem Afloss vum ufänglechen GAMBIA Elan hat ech gehofft dat dir déi Feeler géift erkennen an behiewen, mais leider sinn meng Hoffnungen ënnert anerem an der Bildungspolitik ferm enttäuscht ginn.
D’Schoulzäit ass eng immens flott an intensiv Zäit, déi di jonk Léit op hier Zukunft an hiert spéidert Liewen virbereet. Desweideren huet eisen Schoulsystem sech ëmmer duerch seng Diversitéit ausgezeechent. Och wann een sech am Lycée dacks iwwer den Sënn an Zweck vun verschidden Fächer opgereegt huet, muss een awer mam neideschen Recul agestoen dat een en breet gefächert Wëssen vermëttelt krut an gutt op d’Uni virbereet ginn ass.
Ganz besonnesch houfreg muss een op den Fait sinn, dat een ganzer dräi Sproochen am Enn vun sengem Schoul-Zyklus bal perfekt beherrscht. Leider gëtt dës Méisproochegkeet, zanter enger Réi Joren, ëmmer méi a Fro gestalt, an gëtt neméi als dat ugesinn wat se dach ass, een eenzegaartegen Räichtum.
Sinn ech einfach nëmmen domm an naiv, wann ech geduecht hunn eis héich Representanten aus der Chamber géifen op hiren Auslandsmissiounen Holzklasse fléien?
Oder hunn ech als Student eng aner Approche ze de Suen?
La réforme de la déchéance de nationalité: Naissance d’une sanction inefficace
Posted on January 31, 2016Suite aux attentats du 13 novembre 2015 à Paris, le Président de la République Monsieur François Hollande a indiqué de vouloir modifier la Constitution. Entre autres le projet de réforme constitutionnelle, présenté le 23 décembre 2015 par Monsieur le Premier Ministre Manuel Valls, prévoit d’inscrire la déchéance de nationalité pour les binationaux nés Français dans la norme suprême. Dans quelques jours, à savoir le 3 février 2016, les débats débutent devant l’Assemblée nationale.
Tout d’abord il faut précisément définir la peine pénale, appelée « déchéance de nationalité ». Sous cette dénomination on entend une sanction consistant à priver un individu de sa nationalité, en raison de son comportement indigne ou préjudiciable aux intérêts de l’État.