E Kommentar zur Pressehëllef.
Eng pluralistesch Medielandschaft erlaabt Meenungsbildung a virun allem Meenungsaustausch. Et kann een net nëmmen seng eege Meenung duerch néi Argumenter ausbauen, nee virun allem kann een se ëmmer erëm kritesch hannerfroen an dobäi aner Meenunge besser verstoen an novollzéien ; ouni se mussen ze deelen. Dëse fir eng Demokratie fundamentale Meenungsaustausch setzt awer eng fräi villfälteg Press viraus, déi net nëmmen d’Noriichte blann kommunizéiert, mee kommentéiert, anuerdent an informéiert – an domat eng Käraufgab an eiser Demokratie iwwerhëlt.
D’Lëtzebuerger Presseorganer deelen sech dobäi een iwwersiichtleche Marché mat wéineg potentielle Clienten an d’Sproch an där dës potentiell Cliente gäre liesen ass dobäi ganz ënnerschiddlech. D’Annoncengeschäft hellt säit Joren of, an sech eleng op dës ze verloosse géif op kuerz oder laang och der Pressefräiheet schueden ; well kann ee Presseorgan wierklech vis-à-vis vu senge Geldgeber kritesch an onofhängeg si wann säin ekonomescht Iwwerliewen um Spill steet ?