« Méi flexibel Aarbechtszäiten sinn net eleng eng Fuerderung vun ville Betriber selwer. Et ass och de Wonsch vun enger grousser Majoritéit vun den Salariéen. »[1], esou schreiwt d’Carole Hartmann (DP-Deputéiert) an engem Artikel vum 2.Dezember op dem Internetsite vun hirer Partei, der DP.
Op wéi eng Erkenntnisser dës Feststellung sech baséiert ass net gewosst; de ganzen Artikel kënnt nämlech ouni Foussnott oder Referenz aus. Et schéngt wéi wann, a beschter DP-Manéier, nees wëssenschaftlech verkaf soll ginn, wat net wëssenschaftlech beluecht ass. De Contraire ass suguer de Fall: Eng rezent Etüd vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Reserach (« LISER ») déi et zu dësem Sujet gëtt, kënnt zum Schluss, dass et eben NET der grousser Majoritéit vun de Salariéen am Commerce hiren Wonsch ass fir méi flexibel ze schaffen an d’Aarbechtszäiten weider ze liberaliséieren![2] Vun de Salariéen déi Owes spéit musse schaffen, schwätze sech grad emol 1,61% fir eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten aus; bäi deenen anere Salariéen sinn et 7,46%.[3] Iwwer 90% vun de Leit déi am Commerce schaffen sinn also géint eng komplett Liberaliséierung. En änlecht Bild ergëtt sech aus där Etüd wat eng deelweis Oplockerung vun den Ëffnungszäiten ugeet, och deem stinn knapp 60% ganz kritesch géintiwwer.
Mee wann mir iwwer d’Aarbechtszäiten am Commerce wëlle schwätzen, dann komm mir beliichten mol ewéi eis Matmënschen déi an deem Secteur schaffen, hiren Aarbechtsalldaag empfannen. Eng gutt Work-life-balance schreift sech jo mëttlerweil all Partei op de Fändel, esou och d’DP.