Browsing Category

Rieden

Rieden

100. Joer Robert KRIEPS

Discours 100e anniversaire Robert KRIEPS

Léif Alleguerten,

Déi politesch Froen, respektiv d’Problemer déi Haut un eis Jonker erugedroe gi – ewéi zum Beispill déi international Klimakris, déi national Logementskris, déi onsécher international geopolitesch Lag mat Krich an der Ukrain a strengen autokratesche Regimmer a Russland an a China – treffen eis natierlech nach net esou direkt ewéi dee jonke Robert KRIEPS an den 1930er an 1940er Joren vun den deemolgene Problemer getraff gouf, a wou hie selwer an de KZ’er Natzweiler-Struthof an Dachau um eegene Leif erlieft huet wat et heescht wann d’Menschenwürd mat Féiss getrëppelt gëtt, a Mënschen d’Recht oferkannt gëtt Mënsch ze sinn.

Mee d’Zäite fir d’Demokratie sinn erëm méi schwéier a mir brauche politeschen Engagement.

Duerfir ass d’Schlussfolgerung déi de Robert KRIEPS aus dem Erliefte gezunn huet, an déi mir grad héieren hunn, wuel déi selwecht déi Haut vill Jonker aus den aktuelle Systemkrisen zeien :

Continue Reading

Rieden

Solidaritéit an Haltung

Ried Kongress 5. März 2022

Léif Komerodinnen a Komeroden,

Wat an der Ukraine grad geschitt, ass schwéier a Wierder ze faassen.

Zanter dem 24. Februar, féiert de Putin en Ugrëffskrich géint d’Ukraine a bombardéiert do och d’Zivilbevëlkerung. Während en d’Mënschen an der Ukrain ofschluechte léisst, regéiert hien säin eegent Land als Despot a léisst Ligen uechter d’ganz Welt verbreeden.

Der Barbarei vum Krich musse mir, staark ekonomesch Sanktiounen entgéint stellen, an – jo kloer – déi wäerten och en Präis fir eis hunn. Awer dat mussen eis d’Demokratie an déi fundamental Menschenrechter wäert sinn!

An dësen schweieren Stonnen, wou dat onvirstellbart geschitt, kennt et op Solidaritéit an Haltung un, zwou sozialistesch Grondtugenden, déi ëmmer wann een an d’Geschicht kuken geet, d’Handelen vun Sozialisten ausgezeechent hunn. Ech denken un de Robert Krieps, deen als jonke Mënsch mat sengem Papp zu Dachau souz an 1969 – nom Nidderschloen vum “Prager Frühling” – op eegen Initiative (als Président vum “Comité de solidarité avec la Tchéchoslovaquie”) dem Square Jan Palach säi Numm ginn huet.

Continue Reading

Rieden

LSAP Kongress 22.01.2019: Kandidatur fir d’Parteileedung

Léif Komeroden a Komerodinnen,

De Walsonndeg war keen erfreelechen Dag fir eis Partei.

Mir kënnen elo deenen Zäiten notraueren, wou souwisou alles besser war, an op ee Wonner hoffen oder mir stellen eis Haut der Realitéit an zéien déi néideg Konsequenzen. 

« Firwat steet d’LSAP? », dëst ass eng Fro déi scho Ville vun Iech gestalt ginn ass.

D’Fro ass net verwonnerlech, souguer gerechtfäerdegt, wann ee wichteg politesch Zukunftsthemen, wei z.Bsp. Bildung oder Ëmweltpolitik, onbesaat léist.

Mee ech kann anwëll dës Fro net méi héieren.

Continue Reading