Articles Politik

No der Kris: Iddien fir de Wee no vir.

Cano Olivier, Leners Max, Miltgen Maxime, Molitor Max

Innerhalb vu ganz kuerzer Zäit huet de Covid-19 eisen Alldag op der Welt an zu Lëtzebuerg op d’Kopp geheit. Aus der sanitärer Kris gëtt elo, genau sou schnell, eng ekonomesch Kris mat historeschem Ausmooss.

Trotz all deem Negativen besteet och eng Chance an dëser Kris. Eng Chance fir aus der Kris eraus eist Zesummeliewen, eis Gesellschaft ze verbesseren. Eng Chance fir endlech eng méi nohalteg, wäitsiichtegt a virun allem eng méi gerecht Gesellschaft ze schaffen; eng Gesellschaft déi d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert kann zesummen ugoen.

Eng Chance déi och Lëtzebuerg net dierf verpassen an duerfir brauche mir, nodeems d’Coronakris iwwerstane wäert sinn, dringend:

Continue Reading

Articles Politik

Une véritable justice fiscale

Un infirmier paye cinq fois plus d’impôts sur son salaire, qu’un héritier qui gagne un montant comparable avec son paquet d’actions. Un système fiscal fondamentalement injuste. Les efforts de l’après-crise doivent être répartis de manière juste et équitable ; sans donner naissance à de nouvelles inégalités sociales. C’est pourquoi l’après-crise doit être le grand retour de la justice fiscale !

Continue Reading

Articles Droit Politik

„Eine Frau hat zwei Lebensfragen: Was soll ich anziehen und
was soll ich kochen.“[1]

Mit diesem zutiefst widerlichem, sexistischem Spruch, probierte das deutsche Unternehmen Dr. Oetker in den 1950er im Ernst den Fertigpudding an die Frau(en) zu bringen. Was heute völlig zu Recht in einem Skandal enden würde, war vor 70 Jahren noch wirtschaftlich ergiebiges Marketing. Eine Werbung also, die durch den wirtschaftlichen Erfolg des Produkts, das heute noch in fast jedem Supermarkt in Luxemburg zu finden ist, das mittelalterliche Gesellschaftsbild jener Tage wiederspiegelt.

Doch wie konnte eine solche kranke patriarchale Gesellschaft existieren? Ein Blick in die luxemburgische Gesetzgebung jener Tage lohnt sich, um dieses zutiefst ungerechte Gesellschaftsmodell, das wir gottseidank teilweise hinter uns gelassen haben, besser verstehen zu können.

Continue Reading

Articles Logement

Keng Steieren fir déi Eng,
Keng Wunneng fir déi aner

D’Steierstrategie déi säit den Ufanks 2000er eisen Wunnengsnoutstand soll andämmen, verschäerft dësen nëmmen!

“Die Grundstückpreise (..) steigen in einem Maße, dass es nicht zu verantworten ist, diese Gewinne unversteuert in die Taschen einiger fließen zu lassen.”[1] Eng Ausso vum däitschen Politiker Franz Josef Strauß déi Haut 50 Joer méi spéit zu Lëtzebuerg wéi d’Fauscht op d’Aen passt.

Och zu Lëtzebuerg explodéieren virun allem d’Präisser vum Bauland. Luch den Medianpräiss vum Bauland pro Ar am Joer 2010 nach bei 43.535 €, sou war dësen 2017 schonn bei 65.521 €. Eng Präissteigerung vun 50 % innerhalb vun nëmmen 8 Joer.[2] Deen aneren decisiven Facteur fir den Präis vun den Wunnengen, d’Baukäschten, sinn an der selwechter Period just em 14 % geklommen[3]. Déi decisive mënschlech Aktivitéit fir d’Erriichten vun engem Haus, d’Bauen vum Haus, ass also nëmmen onwesentlech méi deier ginn. Déi dreiwend Kraaft vun der Explosioun vun den Logementspräisser ass also soumat kloer deen artifiziell definéierten Präis, deen een muss fir d’Stéck Land berappen op deem soll gebaut ginn.

Continue Reading

Articles Logement

D’Spekulatioun mat eisem Wunnraum stoppen !

Wunnen ass en Grondrecht an mat Grondrechter spekuléiert een net.

An der Stad hunn sech d’Immobiliëpräisser an 10 Joer bal verduebelt. Huet eng bestoend Wunneng 2008 nach 4.258 Euro/m2 kascht, sinn et 2018 schonn 8.099 Euro/m2. Landeswäit ass d’Hausse net grad esou extrem, mee mat +58% och immens alarmant. Dësen Trend aggravéiert sech 2019 nach emol, mat enger Präissteigerung vun 11,4% op den Immobiliëpräisser par Rapport zum selwechten Trimester vum leschten Joer[1].

Dëst sinn alles plakeg Zuelen, mee si bezifferen eng Realitéit, een sozialen Mëssstand hei ze Lëtzebuerg, deen ëmmer méi zu engem gëftegem Sozialcocktail mutéiert : d’Wunnengspräisser explodéieren an d’Wunnen gëtt domat fir ëmmer méi Léit, op al oder jonk, een onerschwénglechen Luxus.

Oft héiert een Politiker behaapten « d’Demande ass ze grouss, mir mussen d’Offer an d’Luucht setzen ». Mee bei där Mëllechrechnung gëtt een Faktor gären bewosst vergiess : déi massiv Spekulatioun déi mat eisen Wunnengen an den Bauterrainen hei zu Lëtzebuerg bedriwwen gëtt, an d’Steigerung vun den Immobiliëpräisser zousätzlech unfeiert.

Continue Reading

Articles Politik

HIER SPRICHT KÄPT’N BLAUBÄR

Ein Kommentar zum Sommerinterview und zur Klimapolitik von Premierminister Bettel.

Seit nunmehr 6 Jahren ist Xavier Bettel Premierminister. Bettels Politikstiel erinnert irgendwie an jenen Gerhard Schröders’: Regieren muss verdammt noch mal Spaß machen. Selfies mit den Mächtigen statt „Cohiba“-Bilder, Schal statt Brioni-Anzug, das Ganze nur noch mit mehr Freude gesalzen und der absoluten Absenz politischen Handelns verfeinert, fertig ist die Methode Bettel.

Das Untertauchen Bettels während der heißen Phase des Wahlkampfes 2018 war wohl die Krönung dieses Stils der politischen Debatten- und Verantwortungsverweigerung. Aber auch das diesjährige Sommerinterview sowie sein Handeln in der Klimapolitik sind Paradebeispiele des Bettelismus.

Continue Reading

Articles Klimaurgence

„Für alle Gorillas, Kaiserpinguine und Vögel dieser Welt“

Een Kommentar un eis Lëtzebuerger Klimaskeptiker

Reegelméisseg mellen Ex-Politiker, Ex-Journalisten an Intellektueller sech ze Wuert, fir eis zu den ënnerschiddlechsten Themen hier Meenung matzedeelen oder d’Weltgeschéie baséierend op hirer Liewenserfarung anzeuerdnen. Interessant, heiansdo amusant a virun allem fir eis Jonker informativ a léierräich Texter kommen normalerweis heibäi eraus.

Bei engem Thema schénge verschidden eeler Auteuren awer ëmmer méi de Kompass ze verléieren: dem Klimawandel.

Continue Reading

Articles Logement

Yes we Can(nes)

Vum 12. bis de 15. Mäerz war zu Cannes de „Marché international des professionnels de l’immobilier“, kuerz Mipim genannt. Och Lëtzebuerg war mat enger Delegatioun vu 400 Leit op dëser Ausstellung vertrueden. Vun Affekoten, iwwer Promoteuren, bis hin zu Politiker waren all déi wichteg Acteuren, oder déi di mengen, et ze sinn, bis op Cannes gepilgert.

Am „Luxemburger Wort“ vum 14. Mäerz hält de Carlo Thelen, President vun der Lëtzebuerger Chambre de commerce, sech nach bedeckt, wat de Sënn an Zweck vun dëser Rees ugeet. „L’important est de montrer aux investisseurs étrangers l’éventail des différents corps de métier qui représentent le secteur immobilier luxembourgeois“. 

Am Héichglanz-„Paperjam Plus spécial Mipim“ sinn d’Journalisten da scho méi kloer a schreiwen: „Pour les opérateurs, le Mipim doit aussi servir de caisse de résonance pour faire entendre l’intérêt d’investir au Luxembourg.“ 

D’Rees op Cannes war also virun allem eng Promotiounsrees, fir weider nei Investisseuren ze begeeschteren an an deen souwisou schonn iwwerhëtzte Lëtzebuerger Immobiliemarché ze investéieren. 

Continue Reading

Articles Politik

Duebelmoral a puncto Duebelmandat

15 Buergermeeschter, 12 Schäffen an 14 Gemengeréit setzen aktuell um Krautmaart. 41 vun eise 60 Volleksvertrieder, méi ewéi 2/3, bekleeden also een sou genannten Duebelmandat.

Eigentlech wollt d’Regierung BETTEL/SCHNEIDER/BRAZ I schonns an där leschter Legislaturperiod ee Schlussstréch ënnert dëse Mandatercumul zéien. Sou huet et 2013 am Koalitiounsaccord geheescht: “Les conditions (…) de l’interdiction du cumul du mandat de députés avec des fonctions électives à l’échelon (…) local seront déterminées”[1]. Spéitstens 2015, nom blo, rout, gréngem Referendum’s Trauma, ass dës Iddi wuel erëm schnell ënnert de progressiven Teppech gekiert ginn.

Continue Reading